4. Streetfestival zu Rëmmerig – Sonndes, den 12.Juli

Veröffentlicht: 18/06/2026 - 15:17
Aktualisiert: 24/06/2026 - 09:17
2 Minuten
Source: Dauler Atelier asbl & Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl

Den 12. Juli 2026 steet Rëmmerig erëm ganz am Zeeche vum Streetfestival. No de groussen Erfolleger vun de vergaangene Joren invitéiert d‘Dauler Atelier asbl op déi véiert Editioun vun dësem beléiften Event, dat sech mëttlerweil als feste Bestanddeel am regionale Manifestatiounskalenner etabléiert huet. 

D'Organisateuren hu sech och dëst Joer erëm vill virgeholl, fir de Visiteuren en ofwiesslungsräichen a gesellegen Dag ze bidden. Dobäi kënnen si weiderhin op d'Ënnerstëtzung vun der Associatioun vun den Hobbykënschtler Lëtzebuerg zielen, déi zënter der éischter Editioun Partner vum Festival ass. Si organiséiert de Kreativmaart, op deem méi wéi 50 Aussteller hir Konschtwierker, Kreatiounen an Handaarbechte presentéieren. 

Nieft der Konscht spillt och d'Musek eng zentral Roll. Net manner wéi néng Museksgruppen a Solokënschtler, dorënner och international Formatiounen, wäerten de ganzen Dag iwwer op dräi verschiddene Büne fir eng flott Ambiance a musikalesch Ofwiesslung suergen. 

Eng wichteg Neierung ass d'Erweiderung vum Festivalareal bis bei déi pittoresk Rochuskapell. Op dësem zousätzleche Site gëtt eng Ausstellung vun historesche Gefierer ze gesinn. Autoen, Camionen, Trakteren a Motorrieder, vun deenen eenzel Exemplare méi wéi honnert Joer al sinn, wäerten d'Häerzer vun de Liebhaber vu klassesche Gefierer méi séier schloe loossen. 

Och fir Familljen a Kanner gëtt vill gebueden. Mat kreative Workshops, Kanneranimatiounen, engem Sprangschlasspark mat XXL-Sprangschlässer an zousätzleche Kirmesattraktiounen ass fir Spaass a Beschäftegung fir déi jéngst Visiteure gesuergt. 

De Streetfestival zu Rëmmerig versprécht domat eng gelongen Mëschung aus Konscht, Musek, Kultur a Familljenënnerhalung. Den Dauler Atelier asbl freet sech op vill Visiteuren a wëll sech schonn elo bei allen Helfer, Sponsoren an der Gemeng Préizerdaul bedanken, déi duerch hir Ënnerstëtzung zum Gelénge vun dëser Manifestatioun bäidroen. 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Freizeit & Tourismus

Aktuelle Nachrichten