Commune d'Ell
Fête de la Musique - Festiv’Ell le 20 juin 2026
22/05/2026
De Jean Nehrenhausen ass Historiker, Auteur a Kulturmënsch duerch an duerch. Zënter Joerzéngten huet hien als Schrëftsteller, Chronist, Theatermann, Organisateur a fréiere Politiker op eng onermiddlich Manéier d’kulturellt Liewe vu Réiden an der ganzer Regioun gepräägt. Am Interview erzielt hien aus sengem Liewen, vu senge Projeten a senge Leidenschaften.
Ech sinn zu Réiden opgewuess a wunnen och hei. Meng Fra an ech kommen allebéid aus ale Réidener Familljen, déi sech ëm 1800 hei niddergelooss haten. Ech hunn zu Stroossbuerg Philologie romane (Literatur a Linguistik) studéiert a war Sproocheproff zu Wolz am Lycée. Nieft de Sproochen hunn ech mech awer ëmmer genee esou staark fir d’Geschicht interesséiert.
Ech war laang Jore staark am Veräins- an Duerfliewen agebonn an hunn do eng Rei vu Responsabilitéiten iwwerholl, z. B. als President vun der Musikschoul, vum Männerchouer Atertdall, vun der Réidener Kulturkommissioun a virun allem als Organisatiounspresident bei Festlichkeete vu villen Duerfveräiner.
Ech hunn ugefaang mat Bütteriede fir d’Kapesëtzunge vun der Réidener Musik. Dono koume Fräiliichtspektakelen an Theaterstécker fir d’Kropemannsfest.
Ech hunn ëmmer versicht, d’Gemengen iwwer d’Kultur méi no zesummenzebréngen. D’Organisatioun vun de Feierlichkeete fir 150 Joer Kanton Réiden, déi ech initiéiert hat, huet et zum Beispill erméiglecht, all d’Vertrieder vun den zéng Gemenge vum Kanton Réiden un een Dësch ze bréngen, fir un engem gemeinsame Projet ze schaffen.
Besonnesch gefreet huet mech, wéi et 1990 zur Schafung vum Syndikat De Réidener Kanton koum, bei deem ech Grënnungsmember war. Och bei weidere Projete war mir di regional Zesummenaarbecht am kulturelle Beräich e besonnescht Uleies, wéi bei Geleeënheet vun 150 Joer national Onofhängigkeet, dem 100. Gebuertsdag vum Jhangeli, dem 50. Gebuertsdag vum Lidd Un der Atert oder dem groussen nationalen Evenement Lëtzebuerg – Kulturhaaptstad 1995. Ech hunn och zweemol e Buch iwwer de Kanton koordinéiert, 1991 an 2011.
1988 hat ech eng grouss Kampagne gestart, fir Réiden endlich eng Symbolfigur ze ginn. Dorobbenhi sinn eng ganz Rëtsch vun Aktivitéiten ënnerholl ginn. Déi flottst Initiative waren dobäi de Kropemannstheater an de Kropemannsbuer virun der Gemeng. Besonnesch freeë géif et mech, wann elo nach eng Naturstatue vum Kropemann am Worréspark installéiert kéint ginn.
Ech hunn a verschidde Magaziner vill historisch a kulturell Artikele geschriwwen. Dozou koum e Buch iwwer d’Genealogie an eent iwwer den Äischdall. Dëst Joer kommen zwee nei Bicher eraus: eent iwwer di traditionell Landwirtschaft an eent iwwer d’Familljegeschicht. Viru Joren hat ech och zwee Bicher iwwer de Kropemannstheater an zwee Bicher iwwer de Wolzer Lycée publizéiert.
Ech sinn an enger Bauerefamill opgewuess an hunn a menger Jugend mat vill Begeeschterung um Haff matgehollef. Mäi Papp hat virgesinn, datt ech sollt Bauer ginn. Nodeem hien 1969 u Multiple sclérose erkrankt war, hat hie mir awer geroden, an de Kolléisch ze goen. Hien hat deemools awer och schonn eng schwéier Zukunft fir d’Landwirtschaft virausgesinn. Mäin Intressi ass awer trotzdeem bliwwen, an als Hommage un d’Bauerewelt hunn ech dëst Buch erausginn.
Ech schaffen zur Zäit un zwee weidere Bicher: Weisheiten aus der Natur an en historische Roman iwwer eng bekannte Lëtzebuerger Institutioun. Ech plangen awer och, deemnächst en deels witzigen, deels dramatische Film iwwer Réiden ze dréinen. E spillt an den 1960er a 1970er Joren a soll en Abléck an d’Duerfliewen an d’Duerfmentalitéit vun där Zäit ginn.
Fréier waren et meng Päerd. Am Moment begeeschteren ech mech virun allem fir d’Entziffere vun alen Dokumenter, vum Mëttelalter bis an d’19. Joerhonnert. Dat ass méi spannend wéi e Krimi, wëll dës Akten een déiwen Abléck ginn, wéi d’Leit fréier geduecht a gelieft hunn.
Meng zweet Leidenschaft ass d’Architektur, besonnesch d’Erhale vun der aler Bausubstanz. Wann ech duerch en Duerf fueren, freeën ech mech ze gesinn, wat fir e wäertvollen architektonische Patrimoine mir nach hei am Land hunn. Dës Leidenschaft huet dozou gefouert, datt ech mir an de franséischen Ardennen en ale Manoir kaf hunn, wou ech vill Zäit verbréngen.
Mir soen dem Jeannot e grousse Merci fir säi joerzéngtelaangen, onermiddlechen Asaz fir d’Kultur an d’Erhale vun eiser lokaler Geschicht a wënschen him fir seng zukünfteg Projete vill Freed, Erfolleg a flott Momenter.
Commune d'Ell
22/05/2026
Äerdschëff
20/05/2026
Kultur-Agenda
30/04/2026
Gemeng Groussbus-Wal
28/04/2026
Musikschoul
28/04/2026
Musée de l'Ardoise
27/04/2026
Natur & Ëmwelt
26/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Kanton Réiden Tourisme
22/05/2026
Repair Café Kanton Réiden
22/05/2026
Kanton Réiden Tourisme
22/05/2026
Commune d'Ell
22/05/2026