Gemeng Réiden

Wat leeft an eise Gemengen?

Veröffentlicht: 21/05/2026 - 16:28
Aktualisiert: 22/05/2026 - 10:44
4 Minuten
Foto: Cabinet d’architectes Marc Disteldorff

An dëser neier Serie besiche mir d’Buergermeeschtere vun eisen néng Gemengen, fir gewuer ze ginn, wéi eng Projeten an hire Gemenge lafen a wat fir d’Zukunft geplangt ass.

An dëser Editioun starte mir an eisem Kantonalhaaptuert Réiden. Mir hunn dem Buergermeeschter Henri Gerekens déi Froe gestallt, déi eis d’Bierger reegelméisseg un eis erundroen.

D’Uertschaft Réiden ass um landesplanereschem Niveau e sougenannte „Centre de développement et d’attractions (CDA)“. Et gi 16 däer CDA an eisem Land, si spillen eng zentral Roll fir d’Entwécklung vun enger Regioun.

Tëscht der Osperstrooss an der Réidener Schwämm si vill Baggeren ënnerwee. Wat geschitt do?

Do entsteet een neit Wunngebitt, „In den Espen“ genannt, mat ronn 180 Wunn-Unitéiten (rout Fläch op der Kaart).
E bëssen iwwer d’Hallschent dovun (ronn 55 %) sinn Eefamilljenhaiser, also fräistoend Haiser, Jumeléeën oder Reienhaiser. Déi aner 45 % si Appartementer.

De Projet gëtt vun engem Konsortium aus dräi Gesellschaften ëmgesat: Nilaf s.à.r.l. (Arend & Fischbach), Youbuild S.A. an der Congrégation des Franciscaines de la Miséricorde.

Den Undeel um Domaine public ass mat 38 % relativ héich. D’Gebitt gëtt bewosst mat vill Gréngfläche geplangt – souwuel laanscht déi zukünfteg Ëmgeeungsstrooss wéi och laanscht de Waasserlaf, dee sech bei Ree forméiert.

Fir d’éischt ginn d’Infrastrukturen ugeluecht: Stroossen, Kanal, Drénkwaasser, Stroum an aner Netzer (Telefon, Glasfaser, asw.). Dës Aarbechten daueren ongeféier zwee Joer. Déi éischt Baugeneemegunge kéinte viraussiichtlech 2027 ausgestallt ginn.

Foto: Consortium Nilaf s.à.r.l., Youbuild S.A. an der Congrégation des Franciscaines de la Miséricorde
Foto: Geoportail

Gëtt d’Ëmgeeungsstrooss gläichzäiteg mat gebaut?

Nee, et handelt sech ëm zwee onofhängeg Projeten, déi separat vuneneen ëmgesat ginn. D’Ëmgeeungsstrooss gëtt vum Staat realiséiert.
De Moment ginn d’Proprietairë vun den Terrainen, iwwer déi dës zukünfteg Strooss soll verlafen, kontaktéiert. Virum Summer soll den Avant-projet der Ministesch fir Mobilitéit virgestallt ginn. Duerno muss e Gesetz gestëmmt ginn, well et sech ëm e Projet vu gréisserer Envergure handelt.

Eréischt wann d’Ëmgeeungsstrooss fäerdeg ass, wäert den Transitverkéier net méi duerch d’Duerf féieren. Dat mécht et méiglech, d’Groussgaass nei ze amenagéieren, d’Vitess ze reduzéieren an d’Openthaltsqualitéit däitlech ze verbesseren.

Och am Worréspark si gréisser Aarbechten amgaang

De Worréspark gëtt aktuell ëmfaassend nei gestalt. Et ginn nei Weeër ugeluecht, de Weier gëtt mat Leem ofgedicht an eng ëffentlech Toilette souwéi eng Bün iwwer dem Waasser si virgesinn.

D’Weeër solle bis de Summer fäerdeg sinn, fir de Weier an d’Bün ass nach mat e puer Méint zousätzlecher Bauzäit ze rechnen.

D’Spillplaz vun der Maison relais bleift ëffentlech a kann ausserhalb vun den Ëffnungszäite fräi genotzt ginn.

Zil ass et, de Worréspark als attraktiv Entspanungsplaz, Treffpunkt fir Bierger an als Raum fir Fräizäit a kleng Evenementer weider ze valoriséieren.

Foto: Bureau d’urbanisme CO3
Foto: Bureau d’urbanisme CO3

De geféierleche Bus-Arrêt „Schock“ an der Räicheler Strooss zu Réiden gëtt geréckelt. Wouhinner?

Effektiv ass d’Sécherheet um aktuelle Bus-Arrêt „Schock“, besonnesch a Richtung Réiden Zentrum, problematesch. Mir befaassen eis scho laang mat dësem Problem.

Zesumme mat der Administration des Ponts et Chaussées konnt elo eng Léisung fonnt ginn: Den neien Arrêt gëtt direkt virun d’Gebai vun Op der Schock, respektiv virun de Foyer vun der Croix-Rouge verluecht a wäert de geltende Sécherheets- an technesche Fuerderungen entspriechen.
D’Aarbechte kéinten nach am Laf vun dësem Joer ufänken.

Foto: Geoportail

Wat geschitt mam Gebai an der Groussgaass, an deem d’Vëlosgeschäft S-Cape war?

D’Gebai gehéiert dem Besëtzer vum S-Cape. Et gëtt schonn e Projet, deen awer nach net definitiv steet. Méi Detailer dozou kann ech an enger nächster Editioun verroden.

Wéi gesäit et mat der Bauruin nieft dem Metzler aus? Ginn et do nei Entwécklungen?

D’Baufirma, déi de Projet ursprénglech gestart hat, ass an d’Faillite gaangen. Am Laf vun de Bauaarbechte si leider och Schied un de Fassade vun den Nopeschgebaier entstanen.
No der Faillite gouf de Projet vun enger lëtzebuergescher Firma opkaaft, mat der Absicht, en ofzeschléissen. Leider ass de Proprietär vun där Firma am Joer 2024 onerwaart verstuerwen, wouduerch de Projet net konnt weidergefouert ginn.

Zënterhier ass de Projet nach net vun den Ierwe verkaaft ginn, sou datt d’Situatioun de Moment onverännert bleift.

Och am Dossier Schoul ass Beweegung komm. Wat plangt Dir?

Mir befollegen d’Consignë vun de Ministèren a wëllen d’Schoul och an Zukunft am Duerfzentrum behalen. Well d‘Raimlechkeeten an eisen zwee bestoende Schoulgebaier awer net méi duerginn, ass eng Vergréisserung néideg.

Dofir hu mir en Terrain direkt niewent der Schoul kaf, op deem den Ausbau entstoe soll. Parallel dozou ass eng nei Maison relais an eng kleng Sportshal um Schoulcampus geplangt.

An der bestoender Maison relais soll an Zukunft eng kommunal Crèche ageriicht ginn.

D’Schoul gëtt op ronn 420 Schüler ausgeluecht, baséiert op enger prognostizéierter Awunnerzuel vu ronn 4.500 Leit (aktuell: 3.100).

Bis de Summer soll d’Gesamtkonzept fir de Campus stoen. Dobäi schaffe mir enk mam Personal vun der Schoul an der Maison relais zesummen. Am Uschloss gëtt en Architekteconcours lancéiert.

Dir hutt Iech ausgeschwat fir de Polyvalent net ofzerappen, mee ze sanéieren. Wou ass dee Projet drun?

De Projet fir eng komplett Renovatioun vum Réidener Polyvalent ass gestëmmt (geschätzte Käschten: ronn 7,5 Milliounen Euro).
De grousse Sall wäert erhéicht a vergréissert ginn. Et ass e moderne Kichekomplex virgesinn, an d’Réidener Musek kritt en neie Sall am ënneschte Beräich vum Gebai

D’Gebai gëtt komplett barrièrefräi ëmgebaut, och nei Sanitäranlagen um ieweschte Stack si geplangt.

An den nächste Méint gëtt d’Ausschreiwung vun den Aarbechte lancéiert.

Foto: Cabinet d’architectes Marc Disteldorff
Foto: Cabinet d’architectes Marc Disteldorff
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Gemeinden

Aktuelle Nachrichten