De Kanton Réiden Magazine
Fréijoers-Editioun 2026 vum Magazine De Kanton Réiden
18/03/2026
Déi laangjäreg Chargée de direction vun der Räicheler Crèche A Butzen, Caroline Schrenger huet sech am Hierscht entschloss nei berufflech Weeër anzeschloen.
Nei Chargée de Direction vu béide Crèchen ass elo d‘Colette Emering-Storn, déi säit méi wéi 25 Joer bei de Butze schafft a säit 2018 Chargée vun der Eller Crèche ass. Duerch hir laangjäreg Beruffserfarung um Terrain an 12 Joer an der Direction kennt si déi zwou Strukture wéi kaum en aneren.
D’Colette huet den 1. September Ënnerstëtzung vum Ketty Rauen krut, déi elo Chargée de Direction Adjointe vu béiden Haiser ass an och scho säit 9 Joer bei A Butzen schafft.
Ech sinn d’Ketty Rauen, 33 Joer al, gepaxt, kommen ursprénglech vun der Musel a wunnen zënter 2018 zu Kolpech. Ech hunn 2013 meng Educateursschoul ofgeschloss a schaffe säitdeem als Educatrice diplômée. Ech wosst nach ëmmer, dass ech wéilt mat Kanner schaffen a bis haut mécht et mir immens vill Freed d’Butzen an hirer Entwécklung ze begleeden an ze fërderen. Säit 2024 maachen ech e Fernstudium fir Educatrice Graduée ze ginn.
Vun 2013 bis 2017 hunn ech an enger Crèche zu Réimech geschafft. Zënter 2017 sinn ech am Bëbeesgrupp zu Räichel. Elo als Adjointe ass meng Aarbechtszäit opgedeelt op 25 Stonnen am Büro a 15 Stonnen am Bëbeesgrupp, wat meng Aarbecht ganz ofwiesslungsräich mécht a mir erlabt nach vill vum Terrain matzekréien.
Eigentlech wollt ech weider um Terrain schaffen, mee wéi d’Adjointe Plaz fräi ginn ass, hunn ech doranner eng eemoleg Chance gesinn. Well ech d’Haus an d’Team gutt kennen an immens gäre vum Colette léieren, war dëse Schratt fir mech eng logesch Weiderentwécklung.
Ech hunn ee (pensionéiert) Päerd wat vill Zäit an Usproch hëlt, maache Zumba a probéiere sou vill wéi méiglech Sport ze maachen.
Mir freeën eis, dass d’Ketty dës nei Erausfuerderung ugeholl huet a wënschen hir vill flott Erfarungen an Zefriddenheet bei hirer neier Aarbecht!
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/02/2026
Repair Café Kanton Réiden
20/02/2026
Kanton Réiden Administration
06/02/2026
Leader Wëlle Westen
03/02/2026
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026