Kanton Réiden Vivre Ensemble
Zesumme liewen, Kulturen deelen: Wat verbënnt eis?
27/10/2026
Den Owend vum 24. September 2026 stoung den Haff vun der Useldenger Buerg ganz am Zeeche vun der Lëtzebuerger Musek a Sprooch. De musikaleschen Afterwork gouf als regionale Bäitrag zum offiziellen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, organiséiert. D’Initiativ ass am Kader vum Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen entstanen, deen d’Gemenge vum Kanton Réiden an d’Gemeng Mäerzeg gemeinsam ënnerschriwwen hunn.
D’Zil war et, déi grouss Villfalt vun der Lëtzebuerger Musek ze weisen an d’Leit zum Matmaachen ze begeeschteren. D’Maison Relais Useldeng „Bei de Fliedermais“, d’Chorale Sainte-Cécile Useldeng, d’Harmonie Useldeng, L’Accordéoniste souwéi de Schéine Poli an de Claus hunn zesumme mat der Animatioun vum Claude Metz fir e variéierte musikalesche Programm gesuergt. Eng Broschür mat de Songtexter huet d’Publikum dobäi zum Mat sangen invitéiert.
Vill Visiteuren hunn de Wee op d’Buerg fonnt, wou Musek, Gesellegkeet an den eenzegaartege Kader fir eng besonnesch Atmosphär gesuergt hunn. Mat interaktive Spiller huet de Claude Metz de Publikum, dorënner och d‘Politiker, aktiv an d’Animatioun agebonnen. D’Useldenger Musek huet de Gedrénksstand bedriwwen, wärend de Senioreforum Useldeng sech ëm d’Iesse gekëmmert huet.
E besonnesche Merci geet un all d’Interpreten, d’Benevollen an déi lokal Akteuren, déi mat hirem Engagement zum Erfolleg vum Owend bäigedroen hunn. Ervirzehiewen ass virun allem d’Aarbechtsgrupp aus Membere vun de Gemengekommissioune fir d‘interkulturellt Zesummeliewen aus der Regioun. Duerch hir gemeinsam Virbereedung an hiren Asaz gouf dëse musikaleschen Owend iwwer d’Gemengegrenzen eraus méiglech.
Den Evenement huet gewisen, datt d’Lëtzebuerger Sprooch a Musek net nëmmen e kulturelle Patrimoine sinn, mee och Mënschen zesummebrénge kënnen – ganz am Sënn vum Motto: „Lëtzebuerger Lidder – eis Kultur, eist Liewen“.
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Administration
14/10/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/09/2026
Chrëschtmäert-Agenda
27/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
HPPA Redange
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026