Vëlo
Vëlosrees-Owend zu Biekerech de 27.November 2025
27/10/2025
De Mario Verloove, 62 Joer, pensionéiert a vu Wolwen, ass wärend 40 Deeg sage und schreibe 5.779 km gefuer – dat sinn am Duerchschnëtt 145 km pro Dag. Mat deem sensationelle Resultat huet de Mario déi 724 Vëlosfuerer vun der GO GO VELO Hierschteditioun wäit hannert sech gelooss. Heen ass de 27. November zu Biekerech an der Mille a Präsenz vum Präsident vum Syndikat Kanton Réiden, dem Thierry Lagoda, geéiert ginn.
Ech hu viru 5 Joer mam Vëlo ugefaang. Mäi ganzt Liewe war ech dem Fussball verbonnen – ech sinn och haut nach Arbitter. Wéinst enger Fouss-Verletzung konnt ech am Hierscht net lafen, mee Vëlofueren ass gaang. A well ech wollt fit bleiwen a grad en neie Vëlo kaf hat, koum d‘GO GO VELO Campagne ganz geleeën.
Ech hu mir e massgeschneiderte Stroossevëlo ouni Batterie gegënnt.
Fir mech waarm ze fueren, sinn ech déi éischt 60–80 km an eisem Kanton gefuer - mir hunn esou vill schéi Vëlospisten. Duerno ass et dacks an d’Belsch gaang, alt bis op Namur.
Well d‘Vëlospisten am Hierscht dacks mat Äscht a Blieder bedeckt ginn – wat geféierlech ka sinn - hunn ech och heiansdo misse Strooss fueren. Leider gëtt een do dacks ganz knapp vun Autoen iwwerholl, déi déi 1,5 m Sécherheetsdistanz net richteg aschätzen kënnen.
Déi nei RAVeL-Streck vu Maartel op Baaschtnech.
14 Kilo!
Ech si géint 9–10 Auer gestart, an ouni grouss Paus bis 20–21 Auer duerchgefuer. Ech war net wierklech midd, wann ech owes ukomm sinn – mee wann ech bis am Bett loung, hunn ech 10 Stonnen duerchgeschlof!
Si hu geduecht, ech hätt se net méi all – mee dat huet mech net gestéiert.
Lues ufänken, ouni ze forcéieren. Mäin éischt Zil waren 2.000 km, mee op eemol ass de Konkurrenzgeescht erwächt. Ech sinn ëmmer méi no un den Dizzy (Ralph Diseviscourt) komm - ech hätt ni geduecht, dass ech eng Chance géint hien hätt.
An der leschter Woch war ech richteg a Form a sinn all Dag 200 km gefuer. Et ass wéi vun eleng gaang - ech konnt net méi ophalen! Meng Kolleegen hu probéiert mech ze bremsen, mee de Vëlo war wéi eng Drog!
Moies Huewerflacke mat Banann, Hunneg a Yoghurt, ënnerwee Müslirigel an Äppel. An ech hu bëssi bei de Profie vum Tour de France geknäipt: de sauere Kiischtejus nom Effort ass ideal fir d’Muskelen ze regeneréieren. A keng Drëps Alkohol wärend de 40 Deeg!
Supergutt – mat 14 Kilo manner, engem vill méi niddregem Bluttdrock an engem Häerzschlag vu 40 Schléi an der Minutt.
Jo, ech géif mech freeën, heiansdo zesumme mat anere Vëlosfuerer wäit Distanzen ze fueren.
Mellt Iech gäre wann dir interesséiert sidd: mverloove@vo.lu.
Mäin nächsten Challenge wier fir 24 Stonnen um Stéck ze fueren.
Mir felicitéieren dem Mario fir dës aussergewéinlech Leeschtung a wënschen him nach vill flott Stonnen um Vëlo!
De Kanton Réiden seet senge Sponsoren vun dëser GO GO VELO Campagne e grousse Merci:
AgriPièces vu Colpach, Autisme Lëtzebuerg vu Biekerech, Beim Bäcker Jos vu Biekerech, Härespënnchen vu Réiden, Brasserie & Hôtel La Différence vu Veichten, de Musée L’Ardoise vun Uewermaartel, d’Schwämm vu Réiden an de Shopping Center Pall Center.
Vëlo
27/10/2025
Kanton Réiden Mobilité
25/08/2025
Kanton Réiden Mobilité
22/08/2025
Vëlosummer
20/08/2025
Nei Campagne GOGO VELO
18/08/2025
Kanton Réiden Mobilité
30/04/2025
Leader Wëlle Westen
03/02/2026
Gemeng Useldeng
02/02/2026
Kultur-Agenda
28/01/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026