Vëlosummer 2026

Vëlosummer 2026: De Wëlle Westen huet begeeschtert!

Veröffentlicht: 17/08/2026 - 10:55
Aktualisiert: 17/08/2026 - 11:03
2 Minuten

Déi éischt zwee Weekender am August stoung de Kanton Réiden ganz am Zeeche vum Vëlosummer. Eisen Tour vun dësem Joer, „De Groussen Tour vum Wëlle Westen“, ass duerch déi néng Gemenge vum Kanton an d'Gemeng Helperknapp verlaf. 

Mat sengen 62 km an iwwer 800 Héichtemeter war dëse Parcours näischt fir Ufänger. Als Belounung goufen d'Vëlosfuerer mat herrleche Panoramaen, pittoresken Dierfer an ofwiesslungsräiche Strecken duerch de Wëlle Weste belount.

De Parcours huet den Iwwergang vum Guttland an d'Éislek op eng sportlech Aart a Weis erliefbar gemaach – eng Erausfuerderung, déi ee sécherlech an de Been ze spiere krut.

Eis Veräiner hu laanscht de Parcours fir eng exzellent Versuergung gesuergt. Besonnesch zu Groussbus war um Iessstand vum Agilitysport (éischte Weekend) an dem Ju-Jitsu Defense Club du Nord (zweete Weekend) vill lass. Pasta, Kuch, Paangecher, Wafelen an eng flott Stëmmung hunn dofir gesuergt, datt d'Vëlosfuerer hir Energiereserven nees opluede konnten. Zu Réiden huet de Veräi Maartstëmmung Réiden den éischte Weekend fir d'Verfleegung gesuergt. An um leschte Sonndeg hunn d'Schweecherdauler Fraleit zu Hitten d'Cycliste mat Desserten a frëschem Gedrénks verwinnt.

De Groussen Tour vum Wëlle Westen war immens gutt besicht. Déi offiziell Participatiounszuele ginn an de kommende Méint vum Mobilitéits- an Ekonomiesministere verëffentlecht. Souguer den zousätzleche Parking op der Schweebecher Bréck, deen dank dem Engagement vun der Gemeng Sëll kuerzfristeg fir déi zwee Weekender zur Verfügung gestallt gouf, war moies fréi scho komplett besat.

E ganz grousse Merci geet un all d'Veräiner an hir vill Fräiwëlleger fir hiren aussergewéinlechen Asaz.

Merci och un d'Awunner laanscht dem Parcours fir hir Gedold an hiert Versteesdemech wärend de Stroossespärungen, un d'Kolleege vu Ponts et Chaussées fir d'Ëmsetzung vun de Spärungen an Deviatiounen, un d'Gemenge fir d'Botze vun de Weeër an un de Mobilitéits- an den Ekonomiesministere fir d'Organisatioun vum Vëlosummer.

Mir freeën eis schonn elo op déi nächst Editioun!

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Mobilität

Aktuelle Nachrichten