Kanton Réiden Tourisme
Recrutement coordinateur/trice d’animation touristique (CDD)
29/04/2026
35 Joer Syndicat intercommunal Kanton Réiden – De Film vun der offizieller Feier ass online
Am Kader vum 35. Anniversaire vum Syndicat intercommunal Kanton Réiden gouf de 24. Oktober 2025 eng offiziell Feier am Atert Lycée Réiden organiséiert. Dëst bedeitend Evenement huet vill politesch, administrativ a lokal Acteuren zesummebruecht an d’Roll vum Syndikat am Kanton Réiden ënnerstrach.
Ënnert den Éieregäscht waren d’Ministere Léon Gloden, Martine Hansen, Claude Meisch an Éric Thill, Deputéiert aus der Nordregioun, d’Buergermeeschteren an d’Vertrieder vun de Membergemengen, fréier Verantwortlech vum Syndikat, Gemengeréit, d’Personal vun den néng Gemengen, souwéi institutionell Partner a kantonal Servicer.
Um Programm stoung eng Réckbléck op 35 Joer interkommunal Zesummenaarbecht, verschidden Table rondes mat Grënnungsmemberen, den aktuelle Responsabelen, de Ministeren an och Schülerinnen a Schüler vum Atert Lycée Réiden. Dobäi goufen och Froen zur Zukunft diskutéiert:
Wéi kann d’Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen nach weider gestäerkt ginn? Wéi bleift de Kanton Réiden eng Pilotregioun am ländleche Raum?
Den offiziellen Deel vun eiser Feier huet mam traditionellen Uschneide vum Gebuertsdagskuch säin Ofschloss fonnt. Uschléissend huet de Syndikat all d'Gäscht op e Walking Dinner invitéiert, wärend deem sech nach laang an den Owend eran un déi lescht 35 Joer erënnert gouf.
De Film vun dëser offizieller Feier ass elo op eiser YouTube-Chaîne verfügbar.
Mir invitéieren Iech, d’Highlights vun dësem Jubiläum nach eng Kéier an de Biller ze erliewen.
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/04/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/03/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
25/03/2026
Repair Café Kanton Réiden
24/03/2026
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026