Fotographie

De Charles Reiser: Alldagsheld aus dem Wëlle Westen

Veröffentlicht: 27/11/2025 - 10:09
Aktualisiert: 27/11/2025 - 10:33
4 Minuten
Foto: Charles Reiser

Zënter méi wéi 50 Joer hält de Charel Reiser d’Evenementer am Réidener Kanton mat senger Kamera fest. Vill vun de Fotoen, déi de Syndikat Kanton Réiden an d’Gemenge publizéieren, goufe vum Charel geknipst. Obwuel hie gréisstendeels éierenamtlech ënnerwee ass, ass hien ëmmer séier, zouverlässeg an op seng eege besonnesch Manéier am Asaz. De Charel huet haut 76 Joer, zënter 1972 glécklech mam Francine Beckerich bestuet, Papp vun engem Meedchen an engem Jong an houfrege Bopi vun zwee Enkelkanner.

Kanns du eis e bëssen iwwer deng Kandheet erzielen?

Ech kommen aus enger Bauerefamill vu Feelen a mir waren zu 4 Gesëschter. A menger Kandheet a Jugend hunn ech ëmmer um Haff matgehollef – am léifste war ech mam Trakter ënnerwee. No der Primärschoul sinn ech op Arel an d'Ecole technique supérieure de l’État gaangen, wou ech den Ofschloss als Tourneur-Fraiseur gemaach hunn. Gläichzäiteg hunn ech do och an Owescoursë fir Auto- a Camions-Mecanicien geléiert.

Wou bass du no der Schoul schaffe gaangen?

Ech hat Chance: Zwee Deeg no der Diplomiwwerreechung hunn ech 1968 bei Goodyear ugefaangen, déi grad eng nei Fabrik um Rouscht opgemaach hat. Ech war als Inspekter fir d’Kontroll vun de Pneue-Formen zoustänneg a war dofir vill a Fabricke queesch duerch Europa an Amerika ënnerwee. Spéider sinn ech an de Büro gewiesselt an ech war och souzesoen de Fotograf vu Goodyear. Ech si ganz gär schaffe gaangen – an a mengen 38 Joer bei Goodyear hunn ech nëmmen dräi Deeg gefeelt.

Wéini has du däin 1. Fotoapparat am Grapp a wéi koum et dozou?

Dat war 1963, wéi mäi Grousspapp, deemolege Buergermeeschter vu Feelen, déi nei Schoul ageweit huet, ier e sech aus der Politik zeréckgezunn huet. Ech war 14 Joer al an hu mir fir dësen éischten „Optrag“ en Agfa-Apparat kaf.
Du waars iwwer 46 Joer Lokalkorrespondent fir d’Luxemburger Wort an elo bass Du nach als Freelance fir d’Wort, RTL, aner Medien, fir eis Gemegen a privat Occasiounen am Asaz. 

Wat gefält dir un där Aarbecht?

Ech si vun Natur aus e ganz gesellege Mënsch. Sou kommen ech ëmmer ënner d’Leit a gi villes gewuer. Et ass e schéint Gefill, wann ee Merci gesot kritt a fir seng Aarbecht gelueft gëtt.

Fënns du dech an denger Foto-Sammlung erëm?

Jo, ech hunn all meng Artikelen erausgeschnidden a chronologesch an Hefter agepecht. Och d’Fotoen, digital an op Pabeier – hunn ech all schéin no Uertschaft geuerdent. Pro Joer maachen ech tëscht 8.000 an 9.000 Fotoen.

Du bass och vill am Asaz fir d’Gemengen an de Syndikat. Wéi koum et dozou?

Et ginn hautdesdaags net méi vill éierenamtlech Fotografen. Wéi ech Lokalreporter gi sinn, hunn ëmmer méi Gemengen aus dem Kanton mech gefrot. Bis haut maachen ech Fotoe fir si – an esouguer och fir Gemengen ausserhalb vum Kanton.

Huet deng Famill dech net doheem vermësst, wann s du vill ënnerwee waars?

Ech hunn ëmmer probéiert, sou séier wéi méiglech nees doheem ze sinn. Natierlech huet de Familljeprogramm heiansdo missen ugepasst ginn. Ech si menger Fra immens dankbar, datt si ëmmer Verständnis a Rücksicht fir mäin Hobby hat.

Wat sinn deng aner Hobbyen nieft der Fotographie?

Ech si gär a Gesellschaft a ginn dacks de Weekend mat Frënn eraus. Ech sinn och e grousse BMW-Frënd – de Moment fueren ech en Elektro-BMW.
Als Bauerejong hunn ech och haut nach groussen Interessi un der Entwécklung vu landwirtschaftleche Maschinnen, dat verfollegen ech all Dag um Internet. Meng Liblingsmark ass Claas!

Bass du nach ëmmer aktiv am Veräinsliewen?

Jo, ganz kloer. Ech war zënter 1965 bei de Pompjeeën an déi lescht zéng Joer bis zu mengem obligatoreschen Austrëtt mat 65 Joer als Kommandant. Zënter 12 Joer sinn ech aktiv an der Amicale vun de Pompjeeën. Mir organiséieren d’Buergbrennen, d’Fëschbaken um Karfreideg an d’Kiermesham. D’Pompjeeë waren ëmmer mäi Liblingsveräin – an dat bleift och esou.

Wou hëls du deng onendlech Energie a Begeeschterung hier?

Alles wat ech maachen, maachen ech gären. A wann een eppes gäre mécht, mécht een et meeschtens och gutt. Meng Famill, d’Fotografie, d’Veräinsliewen an d'Gesellschaft gi mir immens vill Energie.

An doheem hues du nach Geessen – wat bedeiten déi fir dech?

Ech hu säit bal 30 Joer Geessen nieft eisem Haus. Ech hunn d’Déiere gären an ech mengen, si sinn och frou mat mir. Si hunn et jo och gutt bei mir, gi gutt gefiddert a kréien alles wat si brauchen. 

Wat ass däi Liewensmotto?

Du kanns eppes Guddes aus dengem Liewe maache wann s du wëlls! 

Mir soen dem Charel e ganz häerzleche Merci fir déi exzellent Zesummenaarbecht, seng vill flott Fotoen a säi grousst Engagement fir d'Allgemengheet!

Foto: Charles Reiser
Foto: Charles Reiser
Foto: Charles Reiser
Foto: Charles Reiser
Foto: Charles Reiser
Foto: Charles Reiser
Foto: Charles Reiser
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Freizeit & Tourismus

Aktuelle Nachrichten