Commune d'Useldange
La commune d'Useldange inaugure son nouveau complexe scolaire
31/10/2025
 Nieft hirer Aarbecht am CHL, engagéiert sech d’Maryse vu Wolwen mat enger onendlecher Energie an ustiechender Begeeschterung als Benevole bei verschiddenen Organisatiounen. Wou sech d’Maryse iwwerall fir de gudden Zweck asetzt a wat hir dobäi gefält, gitt Dir hei am Interview gewuer.
Ech sinn aktiv beim CGDIS (Corps grand-ducal d‘incendie et de secours), bei der LRO (Luxembourg Rescue Organisation) am RUD-Team (Realistische Unfalldarstellung) a bei der Wonschkutsch.
Vun doheem aus si mäi Brudder an ech getrimmt gi fir ze schaffen an ze hëllefen. Um Duerf war zesummenhale wichteg, an ech wollt wéi déi Grouss an engem Veräi matschaffen. Viru méi wéi 30 Joer, hu mir dunn endlech dierften an d’Pompjeeën. Et war en aktive Veräi bei eis, wou Generatioune matenee fir een Zil geschafft hunn.
Ech sinn als Pompjee am technesche Beräich (Accidenter, Stuerm, Reen, Déieren an Nout,…) an am Feierberäich aktiv. Des Weidere fueren ech och Ambulanz.                              
Am CSL (Centre de soutien logistique) sinn ech an der Ekipp vum Ravitaillement, dat heescht mir versuergen d’Pompjee bei laangen Asätz oder enger Canicule mat Iessen a Gedrénks.
Ech engagéiere mech och an der Ekipp fir den Encadrement vun de Jugendpompjeeën an hëllefen iwwerall, wou eng Hand gebraucht gëtt. Zousätzlech motivéieren ech meng Kolleegen, sportlech aktiv ze bleiwen an als Ekipp bei Sports-Evenementer matzemaachen.
Als jonke Kadett léiert ee vill Neies – Fachleches a Praktesches. Mee et léiert ee genau esou vill mënschlech Kompetenzen: Empathie, Teamgeescht, Vertrauen an a Stresssituatiounen ze reagéieren. An et léiert ee leider och, dass vun engem Moment op deen aner alles anescht ka sinn. Bei all deem Engagement, ginn awer och Fester zesumme gefeiert.
 Wichteg ass et, sech stänneg weiderzebilden, bei prakteschen Trainingen deelzehuelen a kierperlech a mental fit ze bleiwen, fir an Noutfäll effizient ze hëllefen.
D’Freed um Pompjees-Engagement ass villsäiteg. Et zielt den Ekippegeescht – zesummenhalen, seng an deem aner seng Grenzen erkennen, oppe sinn a séier asprangen. Esou wiisst een zu enger grousser Famill zesummen, an där och d’Gesellegkeet wichteg ass, well net alles wat een als Pompjee erlieft, stécht ee liicht ewech. 
Mee am meeschten zielt deen einfache Merci vun engem Mënsch, deem mir gehollef hunn – engem seng Präsenz, nolauschteren, spontan eng Hand mat upaken – dat ass et wat am Gediechtnes hänke bleift.
 
 All Asaz ass een Erliefnis an op seng Manéier speziell. Awer et sinn dacks déi kleng Gesten, déi déi gréisste Wierkung hunn: e Bléck deen alles seet, en Handdrock, eng Hand op der Schëller oder fonkelnd Kanneraen. Dat ass déi dreiwend Kraaft, déi mech motivéiert weiderzemaachen, ëmmer mäi Bescht ze ginn an anerer motivéiere sech och z‘engagéieren.
Ze wëssen, dass een engem an enger schwiereger Situatioun Hoffnung a Stäerkt ginn huet, ass fir mech dee gréisste Merci a gläichzäiteg d’Bestätegung, dass mäin Engagement Sënn mécht.
Grousse Merci, Maryse fir Däin onermiddlechen Asaz – a Respekt fir all déi Stonnen, déi‘s Du am Déngscht fir d’Allgemengheet verbréngs. D’Welt brauch méi Mënsche wéi Dech!
 
Commune d'Useldange
31/10/2025
Chrëschtdag Agenda
28/10/2025
Gemeng Réiden
24/10/2025
Gemeng Biekerech
30/09/2025
Gemeng Rammerich
29/09/2025
Gemeng Biekerech
26/09/2025
Kanton Réiden
27/10/2025
Kanton Réiden
03/11/2025
Commune d'Useldange
31/10/2025
Foyer de Jour A Butzen
29/10/2025
Chrëschtdag Agenda
28/10/2025
Kultur-Agenda
28/10/2025