Gemeng Réiden

D'Gemeng Réiden gëtt déi 39. Fairtrade Gemeng

Veröffentlicht: 24/10/2025 - 16:00
Aktualisiert: 03/11/2025 - 10:51
3 Minuten
Foto: Charles Reiser

De Kanton Réiden huet eng nei Fairtrade Gemeng! 

Den 22. Oktober krut Réiden de Fairtrade Zertifikat iwwerreecht an trëtt esou dem weltwäite Reseau vun de Fairtrade Towns bäi. Zu Lëtzebuerg ginn et elo, mat Réiden, schonn 39 Gemengen déi sech fir de fairen Handel aktiv asëtzen, a weltwäit iwwer 2200.

« Dat ass eng Plus-value fir eis Gemeng a fir eis Awunner », huet Danielle Simon-Arendt betount bei der Zertifizéierungsfeier. « Fairtrade ass méi wéi Label, dat ass en Ausdrock vu Verantwortung, an als Réidener Gemeng schléisse mir eis där un. Merci un all d’Geschäftsleit, d’Elterevertriedung, der Grondschoul an der Maison Relais déi sech um Projet bedeelegen an dozou bäidroen, dass mir zesumme mat eiser klenger, mee ganz effikasser Aktiounsgrupp elo haut hei stinn. »
 

Foto: Charles Reiser

Déi éischt Schäffin aus der Gemeng a Coordinatrice vun der lokaler Fairtrade Aktiounsgrupp huet och betount dass « natierlech nach ëmmer Sput no uewen ass » a schonn direkt de Projet fir op Fairtrade Kotteng iwwer ze goen ernimmt, am Kader vun de Schaffkleeder fir d’Aarbechter oder zum Beispill Handdicher fir d’Maison Relais an d’Schoul. « Wäin a Cremant wäerten ëmmer bei eis lokal bleiwen, huet si ofgeschloss, awer alles wat een net lokal kritt a wou d’Méiglechkeet sech bitt, dat wiele mir am Fairtrade ! »

2024 huet de Réidener Gemengerot gestëmmt, fir e Grupp ze grënnen, fir eng Fairtrade Gemeng ze gin. 

Foto: Charles Reiser

Mat engem interessante Virtrag huet d’Madamm Nicole Gorza, Awunnerin vun der Gemeng Réiden gewisen, wat si op hirer Studierees erlieft huet, a sech der ONG Fairtrade Lëtzebuerg an de Costa Rica bei Ananasproduzenten ugeschloss huet.  « Op der Plaz ze gesi wat Fairtrade bedeit ass nach eng aner Saach. Fairtrade steet jo fir gerecht Aarbechtsbedéngungen an dat huet een och gesinn. » 

Eng selwer erlieften Impressioun vum Impakt vum Fairtrade System, déi si haut als Member vun der Aktiounsgrupp mat Leif a Séil eriwwer bréngt: « De Präis, deen en do (bei Fairtrade) bäileet mécht keng Relevanz wann ee gesäit wat dat op d’Aarbechts- a Liewensbedingungen ausmécht ! »

Als 39. Fairtrade Gemeng zu Lëtzebuerg weist Réiden d’Beispill, dass ee mat Wäerter ka weider kommen. 

Dëse Label weist dass ee Respekt vun de Mënscherechter mat der Ökonomie zesumme brénge kann, sou d’Schlussfollgerung vum Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg. « Der Gemeng, der Aktiounsgrupp, der Grondschoul a Maison Relais an alle Bedeelegten, e grousse Merci fir hiren Asaz. »

Merci un den Aarbechtsgrupp vum Fairtrade an déi gutt Zesummenaarbecht:
Danielle Simon- Arendt Nicole Gorza, Nils Floener a Lynn Menster 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Gemeinden

Aktuelle Nachrichten