Schifermusée

Wat leeft alles am Schiefermusée zu Uewermaartel?

Veröffentlicht: 13/10/2025 - 11:48
Aktualisiert: 28/10/2025 - 12:15
4 Minuten
Foto: flashaholic_mining

Am Schiefermusée vun Uewermaartel gëtt mat vill Passioun, Fachwëssen a Fräiwëllegenaarbecht d’Erënnerung un d’Industrievergaangenheet an un déi haart a geféierlech Aarbecht an de Stolle erhalen – a gläichzäiteg dem Visiteur op eng lieweg a verständlech Manéier vermëttelt.
Am Gespréich mat de Vertrieder vum Musée kucke mir op déi rezent Entwécklungen a werfen e Bléck op zukünfteg Projeten.

Kënnt Dir eis Äre Musée kuerz virstellen?

De Schiefermusée Uewermaartel ass ee vun de bedeitendste Beispiller vum Lëtzebuerger Industriepatrimoine. Bei eis kënnt Dir an d’Welt vun de fréiere Schifergrouwen andauchen an d’Liewe vun de Leekëpperten hautno erliewen. D’Häerzstéck vun eisem Musée ass dat ënnerierdescht Besucherbergwerk, wou Dir op -42m an déi fréier Ofbaukummere klammt. Awer de 
Schiefermusée ass och iwwerierdesch: op 8ha, kënnt Dir 22 historesch Gebaier entdecken- dorënner fréier Wunnhaiser, Industrie- a Verwaltungsgebaier an d’Patronsvilla. D‘Surface mam Bopebistro ass wärend den Ëffnungszäite fräi zougänglech. Säit kuerzem hu mir och een Outdoor Escape Room.

Foto: Pancake! Photographie

Wéi gesäit d’Ekipp hannert dem Musée aus?

Mir sinn eng Ekipp vun 11 haaptberuffleche Mataarbechter, déi de reiwungslose Fonctionnement vum Musée assuréieren – dorënner Technik, Fleeg & Propretéit vum Site, souwéi Tourismus (Schoulen, touristesch Offeren, Eventer a Vermaartung). D’Koordinatioun an  d‘Leedung iwwerhëlt eis Administratrice déléguée, déi d’Ofleef steiert, vernetzt an d‘Richtlinne vum Verwaltungsrot mat 8 Memberen ëmsetzt.  Zousätzlech ënnerstëtzen eis ronn 45 Benevole vun de Frënn vun der Lee bei Guidagen, Animatiounen, Zuchfaarten a Virféierunge vum Leekëppert a Schmadd.

Vu wou kommen Är Visiteuren ? 

Déi meescht vun eise Visiteure kommen aus Lëtzebuerg an der Belsch– dat gëllt souwuel fir eenzel Visiteure wéi och fir Gruppen, wéi zum Beispill Schoulklassen. Op drëtter Plaz stinn hollännesch Touristen. Och Gäscht aus Däitschland a Frankräich ziele reegelméisseg zu eise Visiteuren. Am Mee hu mir schonn de 25.000ste Visiteur zënter der Erëffnung vum ënnerierdesche Parcours am Oktober 2022 begréisst. Dës Zuele weisen, dass Interessi bei de Leit besteet an eis Aarbecht sech lount. 

Foto: Pancake! Photographie

Wéi huet sech de Musée entwéckelt?

Ugefaang als reng benevole Initiative, huet de Musée sech zu enger gemëschter Struktur entwéckelt, wou déi fräiwëlleg Frënn vun der Lee mam Staat (Tourismus- & Kulturministère, INPA), an der Gemeng Rammerich zesummen de Verwaltungsrot forméieren an de Site verwalten. 
Eise Musée ass säit Februar 2025 dat ganzt Joer all Dag, ausser Méindes, vun 10:00 bis 18:00, souwuel fir eenzel Visiteuren, wéi och fir Gruppen op. 
E wichtege Schratt war d’Aweiung vum ënnerierdesche Parcours bis op 42 m Déift – dee mat Guide oder autonom besicht ka ginn. Dat mécht de Besuch och fir international Gäscht spontan an ouni Sproochebarrièren méiglech.

Foto: Musée de l'Ardoise

Kënnt Dir eis eppes iwwert Äre Renovatiounsprojet vun der Villa erzielen?

D’Villa vum fréiere Patron wäert ab 2026 als „Espace Nic. Molitor“ fir de Public opgoen. D’Ausstellung weist net nëmme Glasplackefotoe vum Bungerefer Fotograph Nic. Molitor, mee léist och d’Liewen an der Villa duerch Fotoe vun der Famill Rother, Objeten aus där Zäit a Geschichte vun Zäitzeien opliewen.

Wat mécht d’Fotoe vum Nic. Molitor esou wäertvoll?

D’Fotoarchiv vum Nic. Molitor ass sou wäertvoll, well se ganz verschidden Aspekter vum Duerfliewen tëscht 1900 an 1950 weist an de sozialen Alldag op eng authentesch Aart erëmspigelt. Seng Glasplackefotoe sinn aussergewéinlech gutt erhalen a stellen e wichtege kulturhistoresche Patrimoine duer. Zënter 2024 gehéiert d’Sammlung dem Schiefermusée a gëtt am CNA konservéiert. Den Nic. Molitor war e gudde Kolleeg vum August Rother an huet ënner anerem vill Fotoe vu senger Famill, de Schiefergrouwen an de Leekëpperte gemaach.

Wéi gesäit d’Zukunft vum Musée aus? 

De Musée bleift a Beweegung: 2026 geet d’Villa op, am Spalthaus ass eng permanent Ausstellung vun eise Sammlungen a Planung, an och e Restaurant an der aler Kantin ass virgesinn. Mir wëllen eng Plaz schafen, wou Geschicht mat alle Sënner erlieft ka ginn – fir Touristen an Awunner gläichermoossen. Eise Musée soll eng Plaz sinn, déi Vergaangenheet a Géigewaart matenee verbënnt – offen, aluedend an inspiréierend.

Foto: Musée de l'Ardoise

Wat ass Är Liblingsplaz am Musée? 

Meng Liblingsplaz ass de fréiere Rother Büro – nëmme bei ausgewielte Visitten zougänglech. Wann een d'Dier opmécht an erakënnt, schéngt d'Zäit stoe bliwwen ze sinn.  De Raum ass erfëllt vun engem eenzegaartegen, nostalgeschen Doft, d'Kraache vun den alen Holzdillen ënnert de Féiss an déi gutt erhale Schreifdëscher vermëttelen d’Gefill, datt d’Zäit hei stoe bliwwen ass. Déi liicht stëbseg Loft dréit Spuere vun enger Ära, wou d’Schiferindustrie zu Lëtzebuerg nach floréiert huet.
 

Kontakt:

Musée de l‘Ardoise
info@ardoise.lu
+352 23 640 141
www.ardoise.lu

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Freizeit & Tourismus

Aktuelle Nachrichten