Musée Thillenvogtei

De Jang Ney, Grënner vum Musée Thillenvogtei

Veröffentlicht: 11/09/2025 - 09:47
Aktualisiert: 03/10/2025 - 11:12
2 Minuten
Foto: Collection privée

De Jang Ney sammelt zënter Joerzéngten alles, wat mam ländleche Liewen a mam Handwierk a fréieren Zäiten ze dinn huet. Esou huet hien eng vun de gréisste Sammlungen an dësem Gebitt an Europa opgebaut. Am Ufank war säi Musée am Heemechtshaff zu Wal ënnerbruecht, 2015 ass de Musée op Randschelt geplënnert. 

Et gëtt kaum e Musée am Land, deen op privater Basis entstanen ass an ouni gréisser staatlech Ënnerstëtzung iwwer 30 Joer erfollegräich funktionéiert huet. 

De Jang huet mam Musée a senger Sammlung e bedeitende Bäitrag fir d‘Promotioun an d’Conservatioun vum ländleche Patrimoine geleescht. 
Vill vu sengem Wëssen a senge Fotoe sinn och an eise Projet „Op Zäitrees duerch de Wëlle Westen“ agefloss. Mir soen dem Jang heifir e ganz grousse Merci. 

Foto: Collection privée

Här Ney, kënnt Dir Iech kuerz virstellen? 

Ech sinn 1949 gebuer a sinn hei zu Wal um Heemechtshaff opgewuess. No der Primärschoul sinn ech an d’Akerbauschoul gaangen. Wéi mäi Papp 1970 ze fréi gestuerwen ass, hunn ech mat 21 Joer d’Verantwortung vum Haff iwwerholl. Meng Mamm a meng kleng Schwësteren hu mir dobäi gehollef.  Ausser dem Sträiche vun de Kéi, huet mir d’Aarbecht um Haff gefall. 

Hutt Dir schonn ëmmer gär gesammelt?

Als Kand sinn ech dacks mat Helmen a Gasmasken heemkomm, déi ech um Dreckstipp niewendru fonnt hunn. Mäi Papp huet du gemault: „Looss dee Schrott nëmmen do leien a sief frou, dass dee schreckleche Krich eriwwer ass. Sammel léiwer dem Woner oder dem Schmadd säi Geschier. Du wäerts gesinn, wann’s Du grouss bass, ginn et déi Beruffer hei am Duerf net méi.“ 

Wéi ass et zur Grënnung vum Musée Thillenvogtei komm? 

D’Iddi vun engem Musée huet scho laang a mir gelungert, d’Ëmsetzung huet awer hir Zäit gebraucht. Wéi eis Nopesch gestuerwe war, hu mir hiert alt Haus kaf. Dat huet sech gutt geeegent, wëll nach villes am Originalzoustand erhale war. Duerno ass nach an eisem Schwäistall eng al Schoul nogebaut ginn an een Holzatelier ass an de Koustall komm. 

De Musée ass de 15.9.1991 opgaangen. Vun do un, hunn ech mech op d’Aarbecht am Musée konzentréiert. 

Wou hutt Dir all déi Saachen opgedriwwen? 

Wéi ech zu Béiwen bei enger Firma, déi Ställ gebaut huet, ausgehollef hunn, hat ech d’Gléck hannert d’Scheierpaarten ze gesinn. Ech hunn d’Leit gefrot, ob si hiert alt landwirtschaftlecht Geschier gäre géinge lassginn. Meeschtens huet et geklappt! Et huet sech dunn och séier ronderëm geschwat, dass den Neye Jang ale Buttik géing sammelen! 
 

Foto: Collection privée

Wat hunn d’Schoulkanner an Ärem Musée erlieft?

Si sinn an eiser „Schoul“ empfaange ginn a kruten erkläert wéi d’Schoul deemools war. Duerno ass wéi fréier an engem Holzuewe Brout gebak ginn. Wärend d‘Brout am Uewe gebak gouf, si mir an d’Scheier dresche gaangen. Nom Picknick, ass meng Liblingsaktivitéit komm: d’Wäschen um Wäschbuer. Mat den Eemeren a Weenercher sinn d’Kanner erof bei eise Wäschbuer getrëppelt an hunn d’Wäsch wéi virun 200 Joer gemaach.  Am leschten Atelier hu mir eng hëlze Leeder gebaut. D’Kanner konnten hir fabrizéiert Saachen owes mat heem huelen. 

Genau dat aktiivt Matmaachen ass dat wat de Musée esou lieweg a besonnesch mécht. Firwat war Iech dat ëmmer wichteg? 

Et war mir ëmmer wichteg, dass d’Kanner alles dierften upaken an ausprobéieren. Als Kand krut ech dat ze dacks verbueden. 

Wann Dir op all déi Jore vum Musée zréckkuckt, ginn et Momenter, déi sech besonnesch an Ärem Gediechtnes agebrannt hunn?

Ech wëll déi 25 Joer net mëssen, wou ech de Musée geleet hunn. Et gëtt näischt méi Schéines, wéi a glécklech Kanneraen ze kucken. 
E ganz besonnesche Moment war och, wéi déi 10 Buergermeeschter aus dem Kanton am Ufank vum Projet an eis „Schoul“ komm sinn a gesot hunn, dass si de Projet géingen ënnerstëtzen. 

Wéi vill Schoulkanner sinn duerch Äre Musée (ënnert ärer Leedung) passéiert?

Ufanks hu mir mat 450 Kanner pro Joer gerechent, ganz séier waren et der 4.500 pro Joer. Insgesamt sinn iwwer 100.000 Kanner duerch de Musée passéiert, wéi ech do war. 

Wat befënnt sech alles an Ärer Sammlung, déi jo wäit méi grouss ass, wéi dat wat een am Musée zu Randschelt gesäit? 

D’Sammlung ëmfaasst praktesch alles wat an der Landwirtschaft an den Asaz komm ass. Donieft hu mir och déi komplett Ariichtung vun enger ganzer Rei Handwierker, wéi zB: Bäcker, Schouster, Woner, Schmadd, Schräiner, Saadler, Schneider, Fotograph,…. Mir hunn och eng komplett Molkerei nogebaut. 

Verschidde Stécker aus Ärer Sammlung dauchen och ëmmer rëm a Filmen op? 

Jo, 3-4 mol pro Joer komme Film-Produzente bei eis fir Saachen auszeléinen. „Déi zwee vum Bierg“ war den éischte Film, wou eis Sammlung benotzt gouf. Fir den Dréi vum Film „Emil“ ass de Realisateur, Pol Tusch, bei eis komm fir eng preisesch Uniform auszeléinen. Wéi en du gesinn huet, wat alles hei wier, huet e fonnt, dass et besser wier, de Film direkt hei ze dréinen. 

Foto: Collection privée

Wat wënscht Dir Iech fir d’Zukunft vum Musée?

2024 huet d’Gemeng de Musée Thillenvogtei zu Randschelt kaf. Ech hoffen, dass de Musée weider esou flott a lieweg funktionéiert an nach laang ville Kanner d’Liewe vu fréier bei no bréngt. 
Mat vill Passioun an Engagement hutt Dir e Stéck Geschicht fir eis an déi nächst Generatiounen erhalen. Är Aarbecht am Musée Thillenvogtei a bei der Wëssensvermëttlung iwwer d‘ländlecht Liewe verdéngt grousse Respekt an e ganz häerzleche Merci.  
 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kulturerbe und Geschichte

Aktuelle Nachrichten