Kanton Réiden Environnement
Strom teilen – eine neue Möglichkeit für Photovoltaikbesitzer
14/08/2026
Besonnesch déi éischt zwou Woche vum Abrëll ass vill op de Sitte vun eisem Wandpark passéiert. Aus dem ganze Kanton gesäit een elo d’Tierm stoen a bei der Foulschter Anlag sinn d’Gondel, de Rotor an déi dräi Flilleke scho montéiert.
D’Konstruktioun erfollegt mat zwee verschiddene Kranen : ee méi klenge Kran baut den ënneschten Deel vum Tuerm aus Betonelementer (ongeféier 80 m héich), dono kënnt e méi grousse Kran, fir déi dräi Stoldeeler ze montéieren, déi d’Struktur ofschléissen.
Uschléissend ginn d’Gondel, de Stator, de Rotor an déi dräi Flilleke montéiert. Wann dës Aarbecht fäerdeg ass, maachen d’Elektriker d’Verkablung an d’Uschlëss.
De Montage vun de Wandrieder hänkt staark vum Wieder of. Fir d’Elementer an d’Héicht ze hiewen, soll esou wéineg wéi méiglech Wand sinn, well se trotz hirem Gewiicht séier beweeglech ginn an onkontrolléierbar kënne ginn, besonnesch d’Flilleken.
An de kommenden Woche ginn déi éischt Wandmillen an eng Testphas iwwerfouert. An dësem Kader kann et virkommen, datt eng Wandmille fir e puer Deeg a Betrib ass an dono erëm temporär ausser Betrib geholl gëtt.
Dës Phas ass en integralen Deel vun der Mise en service an déngt dozou, d’Anlagen technesch ze iwwerpréiwen an optimal anzestellen, fir eng zouverlässeg an effizient Energieproduktioun ze garantéieren.
Kanton Réiden Environnement
14/08/2026
Commune de Beckerich
12/08/2026
Äerdschëff
10/08/2026
Pacte climat
27/05/2026
Natur & Ëmwelt
26/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026