
Réidener Schwämm
Recrutement d'un collaborateur/collaboratrice caisse/bistro
30/07/2025
De 15. Juli huet eng Delegatioun vun interesséierte Gemengepolitiker a Beamten aus eisem Kanton, begleet vum Liette Mathieu aus dem Landesplanungsministère, eng Visite zu Peppeng an an d’Nordstad gemaach am Kader vun der Ausschaffung vun eiser Vision territoriale.
Zu Peppeng, wou e kommunale Wunnprojet mat 22 Unitéiten am Duerfkär amgaang ass ze entstoen, goufe mir vum Réiser Schäfferot, hirem Service technique an de Responsabel vun der asbl Co‘habitage empfaangen. Wärend zwou Stonne goufen eis um Chantier all déi néideg Erklärungen an Detailer vermëttelt.
Aacht vun den 22 Unitéite sinn als Méigeneratioune-Wunnengen ugeluecht, wou geschwë jonk an eeler Awunner aus der Gemeng hiert Doheem fannen. Och wann all Bewunner seng eege Wunneng huet, gëtt grousse Wäert op d’Zesummeliewe geluecht – dat dank gemeinsame Raimlechkeeten an enger Persoun, déi dëse Cohabitat begleet a fërdert. Dëse Volet gëtt vun der asbl Co’habitage geréiert. Vun den aner 16 Wunnengen si verschiddener speziell fir eeler Persoune virgesinn a konsequent barrièrefräi gebaut; déi reschtlech ginn als sozial Locatiounen zur Verfügung gestallt.
De Gesamtprojet, mat engem Invest vun 12 Milliounen Euro, gëtt zu 65–75 % vu verschiddene staatlechen Instanzen ënnerstëtzt. Besonnesch bemierkenswäert ass, datt och d’Bausubstanz vun der aler Schoul an de Projet integréiert gouf. Sou kritt den Duerfkär eng gelongen Opwäertung a gläichzäiteg entsteet en attraktiven, verkéiersfräien ëffentleche Raum, wou d’Bierger sech begéinen a verweile kënnen.
Och de Klouschtergaart, dee mat vill Opmierksamkeet nei amenagéiert gouf, hu mir zum Schluss besicht.
Staark beandrockt vum Engagement an der Innovatioun vun der Réiser Gemeng, ass d’Visite no enger kuerzer Mëttespaus an d’Nordstad weidergaangen. Do goufe mir vum Jean-Marc Friederici am Gebai vu Start Lokal um Fridhaff an Empfang geholl. Start Lokal, gegrënnt vun den Nordstad-Gemengen, bitt Startups, Freelancer a jonken Entrepreneuren e kreatiivt an inspiréierend Aarbechtsëmfeld a verlount Bureausräim zu gënschtege Präisser fir e begrenzten Zäitraum. Zousätzlech stinn eng Rei Reuniounsräim zur Verfügung, déi och vun Entreprisen an Associatioune kënne gelount ginn.
An senger Presentatioun ass den Här Friederici och op d’Kommunikatioun an ëmgesate Projete vun der Nordstad agaangen. Dobäi hu mir en Abléck an de Magasin hex kritt, souwéi an de Projet Liewensmëttelpunkt, wou d’Vermaarktung vu regionale Produkter am Mëttelpunkt steet.
Ofschléissend huet den Paul Bisenius de Guichet unique PME aus dem Éislek virgestallt, dee vun de Partnergemengen a vum Staat finanzéiert gëtt. Dëse Service ënnerstëtzt a beréit kleng a mëttelgrouss Entreprisen aus de 17 Partnergemengen – komplett gratis. De Guichet unique PME riicht sech un Entreprisen, déi schonn aktiv sinn oder sech nei an dëse Gemenge wëllen nidderloossen, a bitt Hëllef bei administrativen, juristeschen a finanziellen Demarchen. Zousätzlech bitt de Guichet unique och sëllege Formatiounen an Infoveranstaltungen un.
E grousse Merci geet un all déi Persounen, déi sech Zäit geholl hunn, eis z’empfänken an hir Projete virzestellen. Mir soe gläichzäiteg dem Landesplanungsministère, an do besonnesch dem Liette Mathieu, villmools Merci fir déi laangjäreg Zesummenaarbecht a fir d’Begleedung bei der Opstellung vun eiser Vision territoriale.
Réidener Schwämm
30/07/2025
Kanton Réiden Vivre Ensemble
14/07/2025
Kanton Réiden
10/07/2025
Kanton Réiden Tourisme
30/06/2025
De Kanton Réiden Magazine
20/06/2025
Kanton Réiden Tourisme
27/05/2025
Kultur-Agenda
26/08/2025
Réidener Jugendtreff
26/08/2025
Club Atertdall
25/08/2025
Kanton Réiden Mobilité
25/08/2025
Gemeng Rammerich
25/08/2025
Gemeng Réiden
25/08/2025