Gemeng Rammerich

„Téistuff beim Appollonia“ : der Kierch vun Hueschtert hir Diere sinn op.

Veröffentlicht: 25/08/2025 - 12:02
Aktualisiert: 27/08/2025 - 13:23
3 Minuten

Zu Hueschtert gëtt et eng Kierch, déi wéi sou vill anerer ëmmer wéineger genotzt ginn. An de leschte Jore gouf mol nach déi eng oder déi aner Mass gefeiert, mee soss blouf dëse schéine Raum ongenotzt. Dobäi steet an dëser Kierch ee vun de ganz wéinegen Altore mat enger wonnerbarer, barocker Duerstellung aus der Chrëschtzäit: d’Epiphanie, also d’Erscheinung vu Jesus Christus virun der Welt symbolesch duergestallt duerch déi 3 Kinneken.  

Des 3 Kinneke sti fir déi deemoleg bekannte Kontinenter, déi sech op de Wee gemaach hunn.  

Och mir kennen haut Mënschen, déi sech op de Wee gemaach hunn, déi eng mi fräiwëlleg, déi aner gedriwwe vu Misär an hirer Heemecht. Fir de Pastoralrot vun der Por St Valentin Rammerich wär dat een Appell , eng Aktivitéit fir dëse Raum ze entwéckelen, déi d’Begéinung vun de Mënschen an hire verschiddenen Kulturen zum Thema huet.

Eng Plaz, déi e bëssen een anere Charakter huet, wéi eis Centres culturels, souwuel vun der Gréisst, wéi och vun der Atmosphär. Eng Plaz , déi een och als Privatpersoun a mi engem klenge Krees notze kann. Wou een sech fir verschidde kulturell Aktivitéite begéine kann, déi sech net an engem Veräin erëmfannen.

Liesen, diskutéieren, Musik lauschteren, spillen ; dat alles an engem Raum, deen de wichtege Patrimoine vun eise Kierchen op eng anerer Aart a Weis erliewe léisst.  

Den Intérieur mat sengen Hellege wéi beispillsweis de Fiakrius, de Patréiner vum Gaardebau, den Äerzengel Michael, deen an enger immens ausdrocksstaarker Duerstellung den Däiwel ënnerwërft, oder eben d’Appollonia, eng Märtyrerin, ginn d’Geleeënheet, méi philosophesch verschidden Themaen opzegräifen.  

De Raum gouf ëmgestalt zesumme mat dem CIGRE vu Wolz, déi souwuel al Miwwel renovéiert an d'Kierchebänke restauréiert hunn. Al Dëscher a Still bilde mat de Nappen e klenge Spigel, wéi bei eis am Norden di "Bescht Stuff" ausgesinn huet. Ale Parzeläin a Glieser revendiquéiere beim Benotzer eng mi grouss Delikatesse am Ëmgang wéi mer et soss bei Duerffeieren gewinnt sinn. Bicher fir ze léinen, eng Kollektioun vu Spillsaachen, déi fréier am Gebrauch wären, wéi Sprangseel, Holzpuzzelen, eng kleng Epicerie a Bausteng aus Holz, Faarwe fir ze molen , kuerz: och eis Kanner sollen d’Geleeënheet , sech mat eppes anescht wéi Tablets an Handyen ze familiariséieren.  

A wéi d'Bezeechnung Téistuff seet: eng Taass Kaffi an e gudde waarmen Téi gëtt vun der Gemeng Rammerich offréiert. Leit, déi sech net wuelfillen, fir an ee Bistro ze goen, fannen op dëser Plaz méi liicht den Zougang , fir ze liesen oder Geschichten nozelauschteren, ze raschten an di speziell Rou ze genéissen, déi engem Kiercheraum eegen ass. An dat net nëmme fir Katholicken.

Dëse Leader-Projet ass och net zu engem bestëmmte Moment fäerdeg, nee, hei heescht et: der Weg ist das Ziel. Zesumme versiche mer erauszefannen, wat de moderne Mënsch vun haut brauch. Workshops, Ausstellungen, Liesungen a Concerten, déi e bësse méi aus der üblecher Rumm falen: hei kënnen se ëmgesat ginn.  

An d’Invitatioun riicht sech net nëmmen un d’Bierger a Biergerinne vun der Rammericher Gemeng, mee un d’Leit aus dem ganzer Réidener Kanton, déi sech och wëlle mat Philosophie oder klassescher Musik ausernee setzen, mat lauschteren a matschwätzen, well mer nëmmen sou ee gutt Zesummeliewe vun deene ville verschiddene Kulturen hei zu Lëtzebuerg  erreechen. Mëttlerweil hu sech scho Gruppen aus der Diaspora malgache an africaine fonnt, déi sech reegelméisseg hei begéinen. Eng oppe Gesellschaft, wou jiddereen seng Plaz fënnt, verlaangt Engagement. Besonnesch am Klengen, am Tëschemënschlechen. Di Hueschtert Kierch soll hei souwuel Plaz ginn an Inspiratioun sinn.  

Hir Diere sinn Dënschdes an Donneschdes mëttes a Freides moies op. Zougang ass awer och soss méiglech ; et brauch een sech nëmmen um 621 24 75 02 (am Beschte per SMS) unzemellen.  

Sonja Kettmann 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Gemeinden

Aktuelle Nachrichten