Vëlosummer 2026
Vëlosummer 2026: De Wëlle Westen huet begeeschtert!
17/08/2026
Op Initiative vum Service Mobilité vum Kanton Réiden, hu sech Sonndes, den 13. Juli eng 30 Vëlosfuerer zu Martelange beim Office du Tourisme zesummefonnt, fir déi nei Vëlospist op Baaschtnech kennenzeléieren.
Dës Streck, déi een Deel vun der EuroVelo-Route 5 ass, déi London mat Roum verbënnt, gouf rezent asphaltéiert a beschëldert. Si féiert duerch déi roueg Däller vun der Sauer an der Strange a verleeft gréisstendeels iwwer déi fréier Eisebunnstrass, déi Baaschtnech mat Maartel verbonnen huet.
Op d’Wieder war Verlooss an esou hu mir bei summerlechen Temperaturen zesummen déi 27 km bis op Baaschtnech zeréckgeluecht. Do war wéinst der Arrivée vum Circuit des Ardennes eng méi lass. No engem gudde Mëttegiessen am Wagon Restaurant Leo, ass et rëm zréck op Maartel gaangen.
Mir soen alle Participanten e grousse Merci fir d’Matfueren a wënschen all Vëlosbegeeschterten aus eiser Regioun vill Freed beim Entdecke vun dëser flotter Streck!
Vëlosummer 2026
17/08/2026
RGTR
30/06/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
27/04/2026
Vëlosbeschëlderung
25/03/2026
Kanton Réiden Mobilité
23/12/2025
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026