RGTR
Perturbation sur les lignes 901, 902, 903, 911, 933
30/06/2026
Um leschte Juli-Weekend an um éischten August-Weekend stoung eisen Tour vum Wëlle Westen um nationale Vëlosummer-Programm, an zwar mat engem grousse Circuit vun 53 km an engem Familljentour vun 11 km.
De P&R zu Schweebech, eng vun den zwou offizielle Startplazen, war séier bis op déi lescht Plaz gefëllt. Fir d’Situatioun ze entlaaschten, gouf spontan eng Wiss niewendru fir zousätzlech Parkplazen opgemaach. E grousse Merci geet un de Proprietär vum Terrain an un d’Gemeng Sëll fir déi prompt Hëllef!
De grousse Circuit huet d’Participanten dëst Joer duerch aacht vun eisen néng Gemenge geféiert. Dobäi kruten d’Vëlosfuerer e breeden Abléck an déi typesch Landschaftsbiller an Dierfer vum Wëlle Westen.
Déi genee Zuelen, déi vun de Ministère fir Mobilitéit an Ekonomie ënnerwee erhuewe goufen, leien zwar nach net vir. Awer et ass gutt méiglech, datt eisen Tour dëst Joer en neie Rekord bei de Participatiounszuelen opgestallt huet.
Mir soen all deenen e grousse Merci, déi zum Erfolleg vun der Editioun 2025 bäigedroen hunn – ouni Iech wier dat net méiglech! Villmools Merci a virun allem grousse Bravo och un all Vëlosfuerer, deen den Tour matgefuer ass.
Mir freeën eis elo schonn drop, och nächst Joer nees dobäi ze sinn.
Deelt se gär mat eis!
Villmools Merci!
RGTR
30/06/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
27/04/2026
Vëlosbeschëlderung
25/03/2026
Kanton Réiden Mobilité
23/12/2025
Vëlo
27/10/2025
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026