Foyer de Jour A Butzen

Elterepartnerschaft am Foyer de Jour A Butzen

Veröffentlicht: 19/08/2025 - 15:21
Aktualisiert: 25/08/2025 - 15:56
4 Minuten

Eng Partnerschaft, déi gelieft gëtt!

"Géigesäitegt Vertrauen ass méi wichteg wéi géigesäitegt Verstoen" – dëst Zitat vun der Marie von Ebner-Eschenbach bréngt genau op de Punkt, wat eis Zesummenaarbecht mat den Elteren ausmécht: Vertrauen, Oppenheet a géigesäitege Respekt.
D’Elteren hu bei A Butzen eng ganz wichteg Roll. Hir Erfarungen, hiert Vertrauen an hiert Matwierkung hunn eng grouss Bedeitung an eisem Alldag. Eng gelongen Elterepartnerschaft baséiert op  géigesäitegem Respekt an dem gemeinsame Wonsch, all Kand beschtméiglechst ze begleeden an ze fërderen.
Bei A Butzen setze mir bewosst op eng partnerschaftlech Bezéiung zu de Familljen. Mir begéinen alle Familljen ouni Virurteeler an op Aenhéicht – onofhängeg vun hirer Kultur, hirer Sprooch oder spezifesche Besoinen. Mir huelen eis Zäit fir nozelauschteren, Froen ze beäntweren, huelen hir Suergen a Problemer eescht a probéieren all Famill mat  Rot an Dot zur Säit ze stoen.
Besonnesch wichteg ass eis en empatheschen a rouege Start an d’Crèchen-Zäit. An der Adaptatiounsphas begleede mir net nëmmen d’Kanner, mee och d’Elteren intensiv a ginn domat all Famill  d’Chance douce a sécher bei eis unzekommen.
D’Eltere sinn och am weidere Verlaf vum Crèchen-Alldag ëmmer wëllkomm: beim Spill um Airtramp, op Ausflich oder bei villen aneren Aktivitéiten an der Crèche. E puer besonnesch Momenter am Joer sinn eis gemeinsam Evenementer, wéi d’Mammendags- a Pappendagsfeieren, eist Summerfest, d’Chrëschtfeier an d’Kannerwoch, déi säit e puer Joer am ganze Land organiséiert gëtt
Well eis d’Meenung vun eisen Eltere wichteg ass hu mir hinnen d’Wuert ginn. Si erziele vun hiren perséinleche Andréck, Erfarungen an deene schéine Momenter, déi si zesumme mat hire Kanner an eise Strukturen erlieft hunn.

Foto: A Butzen

„D‘Crèche A Butzen bitt vill Aktivitéiten un, wou d‘Eltere kënne matmaachen.  Ech huele gären dorun Deel, et ass eng familiär Atmosphär an et ass flott ze erliewe wéi d'Kanner an d'Educatricen mat Freed derbäi sinn“. 
- Michèle

Foto: A Butzen

„Et erméiglecht eis déi flott Momenter, déi mir soss ëmmer nëmmen aus dem Erziele kennen, kënne matzeerliewen.
D’Elterepartnerschaft hunn ech hei bei A Butzen kenne geléiert an ech schätzen dës immens, fir eis als Elteren an awer och fir d’Kanner, déi mat Houfert alles weise kënnen.
Eng Crèche soll nik just eng Plaz sinn, wou een d’Kanner ofgëtt, well ee  muss schaffe goen. Ech fannen et wichteg wat bei A Butzen am Alldag geleescht gëtt a well probéieren daat ze ënnerstëtzen.“ 
- Julie
 

Foto: A Butzen

„Ech fannen et flott, dass mir als Elteren esou dacks d’Méiglechkeet hunn, um Alldag vun eise Kanner deelzehuelen an dëst un ëmmer neien a flotten Aktivitéiten. Dat baut Vertrauen op an et fillt een sech wuel“. 
- Samantha

Foto: A Butzen

„Et ass schéin d’Méiglechkeet ze hunn d‘ Kand an engem aneren Ëmfeld wéi Doheem ze erliewen. Et gesäit ee, wéi vill mat de Kanner geschafft gëtt a bei all Aktivitéit ass ëmmer eng ganz familiär Atmosphär, wat immens schéin ass. Och fir d’Kanner ass et e ganz wichtege Moment, fir hiren Elteren ze weisen, wat si alles an der Crèche schaffen.“ 
- Sandra

Foto: A Butzen

„Mir fannen et ëmmer schéin en Abléck an den Alldag vun de Kanner ze kréien. Et si Momenter un déi ee gären zeréckdenkt. Egal op am Bësch, bei Spiller dobaussen oder fir zesumme Musik ze maachen. Einfach flott!“ 
- Laura a Michel

Foto: A Butzen

„Ech war mat an de Sportkrees op Ell an d'Sportshal, dat ass fir mech eng ganz schéin  Erënnerung, ze gesinn, wei och hei Frëndschaften entstinn. D'lescht Joer war ech schonn eemol mat op Ell, mat nach enger anerer Mamm, allebéid hu mer festgestallt, dass souwuel eis grouss Meedercher, wéi och déi Kanner déi ënnerwee ware ganz no beienee Gebuertsdag hunn. Sou hu mer eis och ausserhalb vun der Crèche gesinn, an ech hoffen, dass mer do schonn de Stee fir eng Frëndschaft fir d'Liewe geluecht hunn, souwuel fir eis Elteren, wei och fir eis Butzen.“ 
- Véronique 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kinder und Jugend

Aktuelle Nachrichten