Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
De Café « Beim Margot » zu Ell war eng Institutioun bekannt iwwert d‘ Grenze vun der Eller Gemeng eraus. Offiziell heescht de Café nach Café des Sports, mee jiddereen huet sech besser mam Begrëff “Beim Margot” identifizéiere kënnen, d’Margot huet schliisslech 50 Joer laang d’Duerfliewe bei eis an der Gemeng mat begleet a gestalt.
D’Gemeng ass beméit, dass d’Duerfliewen elo nitt stoe bleift, dofir koum et den 2te Juli 2025 zu enger interessanter Biergerbedeelegungsversammlung.
D’Erhale respektiv d’Renovatioun vun Duerfcaféë ginn ënner gewëssen Ëmstänn vum Landwirtschaftsministère am Kader vun der “Duerfentwécklung” ënnerstëtzt. D’Gemeng ass frou op des Ënnerstëtzung zréckgräifen ze kënnen a kritt an der Persoun vum Joëlle Ferber, Beoptraagt fir d’Duerfentwécklung an eiser Gemeng, professionell Ënnerstëtzung.
No enger Begréissung vum Buergermeeschter, Henri Rasqué, huet d’Joëlle d’Féierung vum Owend iwwerholl an huet d’Spillreegelen erkläert. Als nächst huet de Marc Donven, Architekt vun Ell, seng Analyse zu de Gebailechkeete vum “ale” Café mat dem Konzept vum neie Projet erkläert. Als Ofschloss vum Marc senger éischter Interventioun huet hien d’Virentworfspläng de virwëtzege Participanteë projezéiert. Den Interessi war direkt grouss an d’Leit ware motivéiert an 3 Atelieren engagéiert mat ze diskutéieren.
Am Atelier “ëffentlech Plaz” gouf deen neien, groussen a frëndleche Bausseraum analyséiert an diskutéiert. Een zweeten Atelier huet sech em de Café an ëm de Restaurant gedréint an een drëtten a leschte Grupp huet geplangt wéi de “Multifunktiounsraum” iwwert dem Restaurant kéint funktionéiere fir souwuel de Clibb, de Leit an awer och de Bedreiwer sengen Ufuerderunge gerecht ze ginn. Begleet goufen d’Leit vum Paul Wilwerding, dem Damien Nehrenhausen an dem Laurent Schaus.
No dëser Aarbecht goufen déi nächst Etappen erkläert an et konnt een zefridde Gesiichter bei dem Patt gesinn, an dat bei alle Bedeelegten.
D’ Gemeng seet sengen engagéierte Bierger villmools Merci an de Schäfferot versprécht de Projet schnell weider ze dreiwen.
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026