OSCARE

Den Office Social vum Kanton Réiden (OSCARE) stellt sech vir

Veröffentlicht: 25/06/2025 - 10:43
Aktualisiert: 09/07/2025 - 10:57
4 Minuten
Foto: OSCARE

Den OSCARE ass 1 vun den 30 Offices sociaux, déi zënter 2011 nei opgestallt sinn. D’Gesetz vun der Aide sociale gëtt all Persoun e Recht op Sozialhëllef, gebonnen u Pflichten an och eng Recoursméiglechkeet*. D‘Ekipp vum OSCARE ass iwwer déi leschte Jore vill gewuess, genau wéi seng Missiounen.

Wat sinn d’Haaptmissioune vum OSCARE?

Mir informéieren, beroden a betreien hëllefsbedürfteg Persounen, orientéiere se, wann néideg, un déi richteg Servicer a bidde subsidiär finanziell a materiell Hëllefe souwéi sozial Begleedmoossnamen un.

Eis Hëllef ass op déi spezifesch Situatioun vun all Persoun ugepasst a baséiert op enger genauer Evaluatioun. Dës Hëllef ka kuerz- bis laangfristeg sinn. Mir schaffe just op Demande, mir huelen d’Persoun do of wou si steet. Mir hu keng Kontrollfunktioun, mee ënnerstëtzen.

Wat ass Äert Zil?

Eis Beneficiaire sollen e mënschewierdegt Liewe kënne féieren an nees autonom ginn.

Wéi vill Stéit hëlleft den OSCARE?

2024 hu mir 586 Stéit am Kanton begleet. D’Dossiere si ganz ënnerschiddlech, jee no Gréisst vum Stot a Problematik.

Foto: OSCARE

Wéi vill Leit schaffe bei Iech?

Eis Ekipp huet sech zënter 2011 bal verdräifacht an zielt elo 11 Persounen, verdeelt op d’Administratioun, de Service de l’aide sociale an d’Agence régionale d’inclusion sociale (ARIS).

Wat bitt Dir am Service de l’aide sociale un?

Eis 6 Assistants sociaux vum Service de l’aide sociale bidden eng psycho-sozial, administrativ a budgetär Begleedung un. Dobäi schaffe mir intensiv mat anere spezialiséierte Servicer zesummen. Des Weideren accordéiere mir finanziell oder materiell Hëllefen.
Finanziell Hëllefe mussen oft zréckbezuelt ginn.

Wat bitt d’Agence régionale d’action sociale (ARIS) un ?

Eis 2 Assistants sociaux vum ARIS betreie Leit, déi e Recht op de Revenu d’inclusion sociale (REVIS) hunn. Dës Persoune sinn nach net prett fir den 1. Aarbechtsmarché a mir organiséieren Aktivatiouns- oder Stabilisatiounsmoossname fir si.

Wat sinn déi heefegst Problemer?

Meeschtens sinn et multifaktoriell Problematiken. Dacks si Wunnengsproblematik, finanziell an administrativ Schwieregkeete matenee verbonnen.

Hutt Dir en Ënnerscheed an de Besoine gemierkt?

Jo, d’Wunnengsnout gëtt ëmmer méi schlëmm an d‘Aarbechtskontrakter méi onsécher. D’Unzuel u Persoune mat Ofhängegkeetsproblematiken a mentale Gesondheetsproblemer hëlt och zou.

Leider féieren déi héich Liewenskäschten (Loyer, Iesswueren, Energiekäschten) dozou, dass et ëmmer méi „Working Poor“ ginn, also Persounen, déi schaffen awer trotzdeem d’Enner net zesumme kréien. Allgemeng hu mir festgestallt, dass d’Situatioune vun deene Persounen, déi mir begleeden ëmmer méi komplex ginn.

Ween ass am meeschte betraff?

Elengerzéiend Persounen, Persoune mat niddregem Akommes oder REVIS, grouss Familljen, politesch Flüchtlingen, Persoune mat enger Suchtproblematik oder psychesche Problemer a Persounen ouni Wunnsëtz. Fir vill vun hinnen ass et bal onméiglech eng Wunneng ze fannen.

Wéi eng finanziell Hëllefe kënnen ugefrot ginn?

Déi finanziell Hëllefe sinn net festgeluecht. Eng Persoun kann all finanziell Ënnerstëtzung ufroen, mee eise Verwaltungsrot decidéiert, wéi eng Demande akzeptéiert gëtt oder net. Déi heefegst finanziell Hëllefe sinn: Iesswueren (Accès an d’Epicerie sociale), Loyer, Kautiounen, Energie-, Dokter- a Medikamenterechnungen.

Wéi gesidd Dir d’Zukunft vum OSCARE?

Eis Missioune wuesse weider: Tiers payant social, Adresses de référence, Begleedung vun de Beneficiaires de protection internationale, asw. Trotz der « Simplification administrative », bleift d’Ausfëlle vun Demande fir vill Leit eng Erausfuerderung. Och d’Digitalisatioun ass fir verschidde Persounen eng Barrière. Esou ass eng administrativ Hëllef a Begleedung vum Office Social immens wichteg.

De Conseil d'Administration vum OSCARE
Foto: OSCARE

Wat sinn aktuell Är gréissten Erausfuerderungen?

Mir si richteg verzweifelt, wat d’Wunnengsnout ugeet. Mir kënnen de Leit net direkt hëllefe respektiv hinnen eng Wunneng zur Verfügung stellen. Et ginn net genuch Wunnengen um Immobiliemarché, besonnesch keng mat abordabelem Loyer. An oft si se an engem desolaten Zoustand.

Eist Gebai ass ze kleng an net méi ugepasst: et feelt u Plaz fir e korrekten Empfang ze maachen a well mir net genuch Büroen hunn, ass Teletravail noutwendeg ginn. 

D’Digitalisatioun vun den Dossiere bedeit e groussen administrativen Opwand – Zäit, déi bei der sozialer Begleedung feelt. Och duerf Tëschemënschlechkeet net vergiess ginn, do brauche mir och Zäit dofir. Mir wëllen eisen Office social méi visibel maachen an d‘Sozialaarbecht besser verständlech an zougänglech gestalten. Eng besser Vernetzung mat anere soziale Servicer ass eis och wichteg.

Wéi kënnen eis Gemengen Iech ënnerstëtzen?

D’Gemenge kënnen eis mat abordabele Wunnengen ënnerstëtzen. Mir wëssen awer, dass dat immens komplex ass.

Eis e Gebai zur Verfügung stelle wat eise Bedürfnisser entsprécht, mat den néidege Büroen, de gängege Sécherheetsmoossnamen an zougänglech fir Persoune mat enger physescher Beanträchtegung. Mir sinn immens frou, dass d’Gemenge vum Kanton Réiden an dësem Uleies momentan ganz aktiv sinn.

A wéi kënnen d’Bierger hëllefen?

Zum Beispill mat Hausaufgabenhëllef, als Ecrivain public, aktiv sinn an der Integratioun vu Persoune mat Migratiounshannergrond, duerch Done vu Familljefester, vun Aktivitéite vu Veräiner, an Doudesfäll, asw... oder andeems Dir hëllefsbedürfteg Persoune bei eis weiderleet.

Kontakt:

OSCARE
84, Grand-Rue
L-8510 Redange / Attert
(+352) 26 62 10 55‑1
secretariat@oscare.lu
oscare.lu

 

* Et besti Recoursméiglechkeet um Conseil Arbitral an um Conseil supérieur des assurances sociales.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Gemeinden

Aktuelle Nachrichten