
Réidener Jugendtreff
Summerprogramm 2025 vum Réidener Jugendtreff
10/07/2025
A Butzen Ell a Räichel huet och dëst Joer mat vill Freed un der nationaler Kannerwoch vum 17. bis den 23. Mee 2025 deelgeholl!
Ënnert dem Thema „SPILLEN, WUESSEN, SECH ENTWÉCKELEN“ hu mir d’Kanner op eng spannend Rees duerch Rollespiller, Sënneserfarungen a vill Beweegung matgeholl!
Bei A Butzen zu Ell hunn d'Kanner eng fantasievoll an erliewnisräich Rees duerch d’Welt vun de Rollespiller gemaach. All Dag stoung ënnert engem anere Motto, wou d’Kanner duerch Spiller an hir Fantasie Sozialkompetenzen an demokratesch Wäerter entwéckele konnten.
Déi kleng a grouss Entdecker hu sech an zauberhaft Fantasiewelten eragespillt, Schätz gesicht a sech als Piraten a Prinzessinne verkleet.
Mat vill Engagement hu d‘ Kanner an d‘Elteren den Alldag vun der Post nogespillt. Um Flughafen sinn d’Kanner mat hirem Gepäck duerch d’Sécherheetskontroll gaangen, bis hin zum Gate – fir duerno mam Butze-Fliger, gesteiert vun engem extra engagéierten Kapitän a motivéierte Stewardessen, op eng spannend Rees ronderëm d’Welt ze goen.
Den Dag stoung am Zeeche vum Wuelbefannen: Am Butze-Salon hu mir eng professionell Coiffeuse begréisst, déi d’Kanner friséiert huet.
Eise Butzekach huet zesumme mat de Kanner Pizza preparéiert, déi dunn am Butzerestaurant zesumme giess goufen. Och d’Roll vum Client an d’Verkeeferin am Akafsbuttik konnt erlieft ginn.
D’Kanner konnten sech an d’Roll vun engem Ambulancier, enger Hiewann oder engem Déierendokter versetzen an hunn dës Beruffer mat vill Begeeschterung entdeckt.
Dës Aktivitéiten hu mir am Gaart iwwer déi ganz Woch verdeelt ugebueden, mat vill Beweegung an Interaktioun.
Zu Räichel stoung d‘Kannerwoch am Zeeche vu Sënneserfarungen, Beweegung an der Entwécklung vun der Sprooch. D’Kanner hu mat Freed, Virwëtz a vill Interaktioun un den Aktivitéiten deelgeholl, déi all hir Sënner stimuléiert hunn.
D’Kanner hu gespillt, gelauschtert a gelaacht: Mam Geräischer-Memory gouf d' Gehéier trainéiert – lauschteren, verstoen a richteg zouuerdnen. Musikalesch Elteren an Erzéierinnen hunn d'Kanner mat an d'Welt vun den Instrumenter geholl.
Hei stoung d‘Beweegung an d‘ Fillen am Fokus: D’Kanner konnten nei Texturen entdecken, duerch Parcours balancéieren an dës mat all Sënner erliewen.
Sensoresch Experimenter mat faszinéierende Materialien wéi Waasserpäerelen, Raseierschaum a Wolleken-Deeg. Zesumme si fantastesch Sensorikfläschen gebastelt ginn.
Dëse Rou-Dag stoung am Zeeche vum Wuelbefannen an der Entspanung. Mat Babymassage a Snoozelen konnten d’Kanner zur Rou kommen, a gläichzäiteg taktil Erfarungen beim Knieden an Ertaaschten maachen.
Als Ofschloss konnt all Kand säin eegene Jus pressen – eng Kombinatioun vu Gesondheet, Genoss a Selbstbestëmmung.
Besonnesch flott war, dass och d’Elteren invitéiert waren aktiv matzemaachen. Vill hunn dës Geleeënheet mat grousser Begeeschterung genotzt:
Zu Ell si si entweder mat an d’Fantasiewelt vun de Kanner agetaucht, oder si hunn hire Beruff virgestallt, sou dass d’Kanner en Abléck an déi grouss Welt vun hirem Alldag kruten – op spilleresch, spannend an edukativ Aart a Weis.
Zu Räichel stoung d‘Woch ganz am Zeeche vum Erliewen a Spieren – mat vill Häerz, Sënn a Beweegung. D’Elteren konnte materliewen, wéi d’Kanner sech fräiwëlleg, voller Freed a mat vill Begeeschterung op déi verschidden Aktivitéite vun der Woch agelooss hunn. Et war eng Woch, wou si mat all hire Sënner geléiert hunn – an d‘ Eltere konnte staunen a hir Kanner begleeden!
Dat war e staarkt Beispill fir Zesummenhalt a Partnerschaft tëschent Elteren an Educatricen – am Déngscht vum Kand!
Un eis Butzen, un d’Elteren, un d‘ ganzer Equipe vun A Butzen an all denen déi dës Woch erméiglecht hunn!
Réidener Jugendtreff
10/07/2025
Atert Lycée Réiden
09/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
08/07/2025
Atert Lycée Réiden
01/07/2025
Kanton Réiden Sports
21/05/2025
Foyer de Jour A Butzen
24/03/2025
Kanton Réiden
10/07/2025
Foyer de Jour A Butzen
09/07/2025
Réidener Schwämm
30/07/2025
Kultur-Agenda
15/07/2025
Kanton Réiden Vivre Ensemble
14/07/2025
Gemeng Réiden
11/07/2025