Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
Den 3. Mee 2025 huet OekoStroum Biekerech bei schéinem Wieder vill interesséiert Leit um Chantier vum Wandrad begréisst.
Vill Awunner aus der Regioun an aner Interesséierter sinn op de Site komm, fir déi verschidde Komponente vum Wandrad, déi nach um Buedem leien, vun no ze entdecken a sech mat den Experten op der Plaz auszetauschen.
Och de Projet vun der Energiegemeinschaft Biekerech, deen et geschwënn erméiglecht, de lokal produzéierte Stroum direkt doheem ze notzen, ass op groussen Interessi gestouss.
Technesch Erklärunge konnten d’Visiteuren op de sëllegen Informatiounstafelen noliesen. Kleng a Grouss haten och d’Méiglechkeet, selwer e Wandrad am Miniformat ze bauen – eng Aktivitéit, déi bei de Visiteure besonnesch gutt ukomm ass.
Fir dass och keen hongereg misst heem goen huet d'Amicale vun de Pompjeeë vum Centre d’Incendie et de Secours vu Biekerech, gegrillt.
Dës Porte ouverte huet dozou bäigedroen, de Bierger de Projet méi no ze bréngen an d’Bedeitung vun erneierbaren Energien an de Fokus ze stellen.
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026