Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
De Buergermeeschter Gérard Zoller erkläert, wat de Masterplang 2035 fir d‘Gemeng Sëll bedeit.
Beim Masterplang geet et drëm fir d’Zukunft vun eiser Gemeng fir déi nächst zwou Legislaturperioden ze plangen an d’Ressourcen, déi mer hunn intelligent anzesetzen: Wat brauche mer ? Wat kënne mer eis leeschten ? Nodeems mer eis an der Vergaangenheet virun allem mat der Verkéierssituatioun zu Sëll beschäftigt hunn, wëlle mer lo och no deenen anere Bedierfnisser vun eise Bierger kucken: Spillplazen, Schoulgebai, Veräiner,….
Mir stousse mat eisem Schoulgebai sou lues un d’Grenzen a mussen iwwerleeë wéi mer et kënnen ausbauen. Virun allem feele verschidden accessoire Funktioune wéi eng Bibliothéik, Vestiairen, Openthaltsräim fir d’Personal, méi e grousse Pausenhaff, an och verschidde Klassesäll sinn ze kleng.
Vill vun eise Veräiner kämpfe mat Nowuesschwierigkeeten a probéieren nei Memberen ze mobiliséieren. Fir dat kennen ze maachen, brauche mer Infrastrukture wou se sech kënnen treffen a wou se hiert Material stockéiere kënne. Dat hu mer am Moment nit.
Mat dem Ausbau vun der Dierfer a villen neie Citéen ass et verpasst ginn, passend Spillplazen ze bauen. Hei hu mer och ee groussen Nohuelbedarf. Mir denken och un een Terrain Multisports.
Déi grouss Handlungsfelder sinn: Ausbau vun der Schoul, Ausbau vun der Gemengeverwaltung, Infrastrukture fir d’Veräiner, Spill- a Fräizäitplaazen, Amenagement vun der Maison Gaasch (Wunnen oder Geschäftsflächen), Amenagement vum Duerfzentrum (Wunnen a Geschäftsflächen).
A punkto Mobilitéit schléisse mer de Projet Arelerstrooss mat Zone 30 af, de Geforepunkt Sortie Zärepesch gëtt besser amenagéiert, zu Kaalmes gëtt eng Zone 30 mat Verkéiersberouigung amenagéiert.
Mir haten eng Biergerversammlung organiséiert, duerno konnten d’Leit nach hier Kommentaren iwwert ee speziell amenagéierte Site eraginn. Ausserdeem goufen Eenzelgespréicher mat eisem Gemengen- a Schoulpersonal gefouert. Zu gudder Lescht gouf natierlech och nach am Gemengerot iwwert d’Resultat diskutéiert.
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026