Kanton Réiden Environnement
Nei Subsiden & Optioun vum Virfinanzement fir Photovoltaik-Anlagen a Batterien
04/03/2026
Zënter dem 1. Januar 2025 gëllt eng nei Tarifstruktur fir d’Notzung vum Stroumnetz. D’Zil ass et, d’Stroumnetz ze entlaaschten, also staark Spëtze beim Verbrauch ze vermeiden, an d’Netz méi effizient ze notzen.
D’Käschte fir d’Netznotzung ginn elo nom Impakt, deen de Benotzer op d’Stroumnetz huet, berechent. Esou kënnen d’Käschte méi gerecht verdeelt ginn, an de Verbraucher soll zu méi engem flexibele Verhale motivéiert ginn.
De Stroumpräis besteet aus 3 Deeler:
Déi rezent Ännerung betrëfft ausschliisslech den Netznotzungstarif. Dësen Tarif deckt d’Käschte fir d’Stroumnetz of – also fir de Bau, den Ënnerhalt an de Betrib vum Netz.
All Stroumkonsument gëtt op Basis vu sengem Stroumverbrauch vun de leschten 12 Méint an eng sougenannt Referenzleeschtungsklass (RLK) agestuuft.
Bei neie Cliente gëtt eng Standard-RLK geholl.
D’Referenzleeschtung entsprécht enger Schwell, déi vum Netzbedreiwer festgeluecht ginn ass.
Wann Däi Verbrauch dës Schwell iwwerschreit, d.h. wann‘s Du zu engem Moment ze vill Stroum zur selwechter Zäit verbrauchs, da musst Du en Zouschlag bezuelen.
Dësen Zouschlag gëtt nëmmen op däer Stroumquantitéit berechent, déi iwwert Denger festgeluechter Schwell läit.
Dëst soll d’Clienten dozou motivéieren, net ze vill Elektrogeräter gläichzäiteg unzeschalte fir Spëtzen ze vermeiden.
3 kW, 7 kW, 12 kW, 17 kW, 27 kW, 43 kW, 70 kW a 100 kW.
Zënter Januar 2025 steet Deng RLK op der Stroumrechnung.
De Präis fir d’Benotze vum Stroumnetz – also de sougenannte Netznotzungstarif – setzt sech aus zwee Deeler zesummen:
Deng Referenzleeschtungsklass (RLK) gëtt all Mount automatesch nei berechent - op Basis vun Dengem Stroumverbrauch vun de leschten 12 Méint. Doduerch ginn och rezent Ännerungen an Dengem Verhale berücksichtegt.
Fir d’Berechnung, gëtt gekuckt, wéi eng vun den 8 RLK fir Dech am bëllegsten ass. Et ass also net néideg, eng Upassung unzefroen, wann et just ëm kleng Ännerunge geet.
Source: CREOS, Leitfaden- Neue Tarifstruktur für das Niederspannungsstromnetz
Wann’s Du Däi Stroumverbrauch staark erhéichs – zum Beispill duerch en neien Elektroauto oder eng Wärmepompel – ass et ubruecht, proaktiv eng Upassung vun Denger RLK unzefroen, fir net bei der nächster Stroumrechnung eng Iwwerraschung ze erliewen.
Fir dat ze maachen, stellt Creos e prakteschen Online-Tool zur Verfügung, mat deem‘s Du eng sënnvoll Upassung simuléiere kanns:
Hei puer Tipps, fir ze verhënneren, dass’s Du Deng RLK iwwerschrëtts:

Kanton Réiden Environnement
43, Grand-Rue
L-8510 Redange
T. 28 33 44
environnement@kanton-reiden.lu
www.environnement.kanton-reiden.lu
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Klima-Agence
27/02/2026
Maison de l'Eau
23/02/2026
Trinkwasser
17/02/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026