Gemeng Préizerdaul
Ouschteren am Préizerdaul 2026
20/02/2026
De Fierkelsmaart ass mëttlerweil eng richteg Traditioun an der Gemeng Rammerich. De Maart dauert de ganze Sonnde vun 10:00 Auer bis an d'Nuecht eran an zitt all Joer dausende vu Visiteuren un. Mir hunn der Rammericher Buergermeeschtesch Myriam Binck, Initiatrice vun dësem Maart, e puer Froe gestallt.
Neen, de Fierkelsmaart vun haut ass keen Déieremaart méi. Den Numm kënnt vu fréier, wou d’Rammericher Mäert riseg Véi-Mäert waren. Dëst ware richteg Volleksfester, déi landeswäit bekannt waren an enorm vill Mënschen ugezunn hunn.
Haut ass et virun allem e gesellege Maart mat ville verschiddene Stänn, wou d’Familljen am Vierdergrond stinn. De Fierkelsmaart ass fir Kleng a Grouss mat gratis Kanneranimatiounen a faire Präisser.
Dir kënnt Iech op 125 Stänn aus de verschiddenste Beräicher freeën:
Mir bidden eng ganz Rei gratis Kanneraktivitéiten un: vum Face-Painting bis zum Schnëtzatelier ass fir all Alter eppes derbäi!
Ab 18:00 Auer fënnt eisen After-Fierkelsmaart statt, bei deem de Grupp The Noisemakers fir Stëmmung suergt.
Wou fannen ech méi Informatiounen (Kanneranimatioun, Musik, Iessen, Navette)?
All Detailer fannt Dir hei an der Broschür:
Gemeng Préizerdaul
20/02/2026
Gemeng Rammerich
17/02/2026
Gemeng Useldeng
02/02/2026
Gemeng Biekerech
27/11/2025
Gemeng Biekerech
24/11/2025
Commune d'Useldange
31/10/2025
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026