Atert Lycée Réiden
D’Internat vum Atert-Lycée Réiden
13/04/2026
Zënter dem 1. Februar verwinnt de Stefan Jost eis Butzen aus den zwou kantonale Crèchen mat senger Kachkonscht. Mat engem spannende Parcours duerch déi verschiddenste Kichen bréngt hien eng breet Erfarung mat. A wat ass him beim Kache fir d’Butzen besonnesch wichteg? Dat verréit hien eis an dësem Gespréich!
Ech sinn de Stefan Jost, 46 Joer, wunnen am Préizerdaul, si bestuet a Papp vun 2 Bouwe (5 a 9 Joer). Mäin DAP als Kach hunn ech an der Hotelschoul Ter Duinen an der Belsch ofgeschloss.
Ech hunn a Restauranten an der Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg geschafft. Een Highlight war am Hotel Royal an der Stad ze schaffen, wou ech vum Commis de Cuisine bis zum Chef de Partie all d’Statiounen duerchgaang sinn. Déi lescht 12 Joer hunn ech fir d’Bewunner vum Altersheem zu Réiden gekacht.
Meng Kanner waren an dëser Crèche, dofir hunn ech déi sympathesch Equipe vun A Butzen scho kannt. Déi familljefrëndlech Aarbechtszäiten an d’Méiglechkeet mat Kanner ze kachen, hu mech bei dësem Posten ugezunn.
Nuddelen a gebrodene Räis mat klengem Geméis a Poulet si beléift. All Kand huet säi Liblingsiessen – meng zwee iessen zum Beispill gäre Fësch, eppes, wat mech iwwerrascht huet!
Ech schaffen sou vill wéi méiglech mat regionale a saisonale Produite vu gudder Qualitéit.
Mat engem variéierte Menu, dee vill Uebst a Geméis, Vollkornproduiten, Lënsen, a Bounen a gesond Fetter enthält. Haaptsaach frësch ouni Zousazstoffer, oder Geschmaachsverstäerker, an ouni ze vill Salz oder Zocker.
Jo! Kleng Platen zesumme preparéieren, gesond Produiten entdecken an de Kanner weisen, wou d’Liewensmëttel hierkommen. Et mécht Spaass, ze gesinn, wéi si hir Hänn an e Kuchendeeg stiechen oder zécke fir een Ee opzeschloen !
Mountainbike, wanderen a Schifueren.
Ech hu kee Liblingplat. Ech entdecke gären Neies an hu gär Ofwiesslung. Ech gin gären e Rezept mat op de Wee: Dos de Cabillaud mat Chorizo-Crumble a Püree vun der Pastinak.
Mir si ganz frou, dass de Stefan Jost de Wee an d’Crèche A Butzen fonnt huet a wënschen him nëmmen dat Bescht a vill Freed mat senger neier Aufgab!
Atert Lycée Réiden
13/04/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
20/03/2026
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Réidener Jugendtreff
23/02/2026
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026