Albert Kerger
Dem Albert Kerger seng grouss Passioun fir de Sport
15/04/2026
No de Feierdeeg, wou gutt Iessen, Fondueowender an de leckeren Schokela eis den Dag verséissen, gëtt et näischt Besseres, wéi nees richteg an d’Beweegung ze kommen. Mir hunn déi perfekt Léisung fir d’Iwwerschosskalorien lasszeginn an d’Joer mat engem sportlechen Zil unzefänken!
Ab Enn Dezember 2024 lueden Lafevents Iech all an, egal ob Dir nach just ufänkt oder scho lafgewand sidd. Dës Evenementer sinn eng super Geleeënheet, fir Iech z’erhalen, fir frësch Loft ze tanken an zesumme Spaass ze hunn.
Dënschdes den 31. Dezember fënnt den 41. Sylvesterlaf zu Rammerich statt. Organiséiert vun der Entente Sylvesterlaf '84, versprécht dësen traditionelle Laf e sportlechen a spannende Start an dat neit Joer.
De Startschoss fir den 10km Stroosselaf ass um 15h00 virun der Rammericher Gemeng.
Verfleegung gëtt et bei 3,5km, 6,8km a am Zil. D’Pré-inscriptioun virum 26. Dezember kascht 15€, op der Plaz bis 14h00 20€.
De Kannerlaf ass gratis!
Méi Informatiounen an Umeldung ënner: www.sylvesterlaf.lu oder via E-Mail un info@sylvesterlaf.lu.
Sonndes, de 5. Januar fënnt déi 17. Editioun vum Réidener Wanterlaf zu Réiden am Atert-Lycée statt.
Et gi 6, 10, 14 a 19 Kilometer ugebueden, déi entweeder kënne spadséiert (Depart: 8h45) oder gelaf (Depart: 10h00) ginn, alles ouni Chrono. Fir d'Verfleegung ënnerwee a bei der Arrivée ass beschtens gesuergt.
Pré-Inscriptioun bis de 26.12 iwwer www.4runner.lu oder sur place, Samsdes 04.01 vun 14h00 bis 17h00 a Sonndes 05.01 ab 8h00.
De Grupp vum LAWW trëfft sech all Dënschden um 18:45 fir 5-10 km zesummen ze lafen.
De Laftreff ass oppe fir jiddereen, vum Ufänger bis zum erfuerene Leefer. Ufänger kréie laftechnesch Tips. Déi méi séier kommen och op hir Käschten.
D’Strecken, déi sech ëmmer am Kanton Réiden befannen, sinn dem Wieder ugepasst an ginn am Virfeld kommunizéiert. LAWW mécht och bei Lafcoursen zu Lëtzebuerg an am Ausland mat.
Albert Kerger
15/04/2026
Cycling Team Atertdaul
17/02/2026
Atert Lycée Réiden
20/01/2026
Yoga
24/11/2025
Lafevents
24/11/2025
Gemeng Préizerdaul
14/10/2025
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026