Musikschoul

(Klang)welten – Eng musikalesch Rees virum 50. Anniversaire

Veröffentlicht: 25/11/2026 - 10:00
Aktualisiert: 26/11/2026 - 09:26
2 Minuten
Foto: Charles Reiser

D'Musikschoul Kanton Réiden start mat (Klang)welten en neie Projet, deen d'Villfalt vun eiser Museksschoul an de Mëttelpunkt stellt. Iwwer dräi Schouljoer entdecke mir zesummen déi verschidde Klangwelte vun eisen Instrumenter an Departementer. Dës musikalesch Rees féiert eis bis an d'Joer 2029, wou eis Museksschoul hire 50. Gebuertsdag feiert.

Dobäi geet et net nëmmen ëm Concerten. Och Workshops, musikalesch Projeten, gemeinsam Aktivitéiten a Begéinunge mat invitéierte Museker kënnen Deel vun dëser Rees sinn.

Eis Schüler sollen d'Méiglechkeet kréien, Musek op nei Aart a Weis ze erliewen, aner Instrumenter kennenzeléieren an zesumme mat anere Museker aktiv ze ginn.

Foto: Charles Reiser

E grousse Startschoss den 20. Februar 2027

Den éischte groussen Héichpunkt ass de Concert d'ouverture vu (Klang)welten, e Samschdeg, den 20. Februar 2027, um 19:00 Auer.
Bei dësem Concert wäerten sech verschidden Departementer vun eiser Museksschoul presentéieren an dem Public en Abléck an hir musikalesch Welt ginn.
Am zweeten Trimester vum Schouljoer 2026/2027 sti besonnesch Piano an Akkordeon am Mëttelpunkt. Am drëtten Trimester geet d'Rees weider mat den Holzblosinstrumenter.

An de Joren duerno wäerten och déi aner Departementer hir Plaz am Projet kréien.

Mat (Klang)welten wëlle mir eis Museksschoul opmaachen, nei musikalesch Impulser setzen an d'Freed un der Musek mat esou ville Mënsche wéi méiglech deelen.

Mir invitéieren Iech schonn haut ganz häerzlech, eis op dëser Rees ze begleeden.

Foto: Charles Reiser

MKR Festival 2027 – Eng nei Aart, eis Museksschoul ze entdecken

Och bei eiser Porte Ouverte gi mir nei Weeër. De 15. Mee 2027 wëlle mir eis Museksschoul mat engem neie Konzept presentéieren: dem MKR Festival 2027.
Aus engem traditionellen Dag vun der oppener Dier soll e richtegt musikalescht Erliefnis fir d'ganz Famill ginn. Mat interaktive Presentatiounen, klengen Atelieren, der Méiglechkeet Instrumenter ze probéieren a Concerten wëlle mir weisen, wéi villfälteg eis Museksschoul ass.
Eist Zil ass einfach: Musek net nëmmen héieren, mee selwer erliewen!
Weider Informatiounen zum Programm kommen am Laf vun den nächste Méint.

Rendez-vous den 20. Februar 2027 fir eise grousse Concert d'ouverture vu (Klang)welten! 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kultur

Aktuelle Nachrichten