Musikschoul

Mat festleche Kläng a Richtung Chrëschtdag

Veröffentlicht: 26/11/2026 - 09:00
Aktualisiert: 26/11/2026 - 15:23
1 Minute
Foto: Charles Reiser

An der Virchrëschtzäit invitéiert d’Museksschoul vum Réidener Kanton Iech op zwee ganz besonnesch musikalesch Rendez-vousen, déi am Zeeche vun der Gesellegkeet, der Virfreed an der Magie vu Chrëschtdag stinn.

Éischte Rendez-vous – Christmas Favorite

Samschdes, de 5. Dezember 2026 um 15h00
Kulturzenter Useldeng

D’Schüler an d’Léierpersonal vun der Museksschoul invitéieren Iech op e festleche Concert. Eng schéin Geleeënheet, fir hir Talenter ze entdecken an hir Passioun fir d’Musek an enger häerzlecher Atmosphär mat hinnen ze deelen.

Foto: Charles Reiser

Zweete Rendez-vous – Chrëschtconcert vum Léierpersonal

Freides, den 11. Dezember 2026, vun 19h00 bis 20h00
Réidener Kierch

Loosst Iech vun engem aussergewéinleche Chrëschtconcert verzauberen, dee vum Léierpersonal vun der Museksschoul vum Réidener Kanton am stëmmungsvolle Kader vun der Réidener Kierch presentéiert gëtt.

Mir freeën eis, Iech zahlräich op dësen zwee musikalesche Rendez-vousen ze begréissen a gemeinsam mat Iech schéi Momenter an der Virchrëschtzäit ze verbréngen.

Déi ganz Ekipp vun der Museksschoul wënscht Iech schonn elo wonnerschéi Feierdeeg!

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kultur

Aktuelle Nachrichten