Musikschoul
Mat festleche Kläng a Richtung Chrëschtdag
26/11/2026
Mat 25 aktive Memberen ass d’Chorale Sainte-Cécile vun Useldeng eng vun de gréissere Choralen am Kanton Réiden. Nieft dem Gesang spillt och d’Gesellegkeet eng wichteg Roll. Hire Präsident, de Raoul Schaf, huet eis verroden, wat d’Chorale ausmécht a wéi si an d’Zukunft kuckt.
Eis Chorale zielt aktuell 25 Sängerinnen a Sänger, dovun 18 Fraen a 7 Männer. Si ass aus der Fusioun vun de fréiere Chorale vun Iewerleng an Useldeng entstanen an huet viru Kuerzem hiren 10. Gebuertsdag gefeiert. Déi musikalesch Leedung läit beim Fernand Even, eisen Organist ass de Carlo Philippe.
E groussen Deel vun eisem Repertoire besteet aus Kierchemusek. Mir sangen awer och weltlech Lidder a gi reegelméisseg Concerten. Viru Kuerzem hu mir bei engem musikaleschen Afterwork matgemaach, bei deem d’lëtzebuergesch Sprooch am Mëttelpunkt stoung. Mir hunn eng ganz Partie méi a manner al Lidder gesongen, an de Publikum konnt villes matsangen!
Mir begleede Massen, Hochzäiten a Begriefnisser a sinn och bei Festivitéite wéi Nationalfeierdag oder der Journée commémorative dobäi. Et ass eis wichteg, aktiv um kulturelle Liewen an eiser Gemeng deelzehuelen. Donieft organiséiere mir all Joer een oder zwee Concerten, meeschtens ëm Chrëschtdag a Mammendag.
Mir prouwen all Méindeg vun 19.30 bis 21.30 Auer ënnert der Leedung vum Fernand Even, begleet vum Carlo Philippe. Déi ganz Fläisseg huelen och emol e Lidd mat heem, fir weider ze üben. Mee eis Prouwen hunn och eng „drëtt Halschent“: Duerno gëtt gemittlech e Patt zesumme gedronk oder e Gebuertsdag gefeiert. De sozialen Zesummenhalt ass eis nämlech genee esou wichteg wéi de Gesang!
Am schéinsten ass et, wa mir anere Mënsche mat eisem Gesang eng Freed maache kënnen. Dat ka bei engem trauregen Ulass sinn, wann eis een no enger Begriefnesmass Merci seet fir dee würdegen Abschid. Oder wann no engem Concert een aus dem Publikum bei eis kënnt a seet: „Ech hätt Iech elo nach eng Stonn nogelauschtert!“ Esou Wierder an den Applaus bleiwen an Erënnerung. Och eis gemeinsam Ausflich am Land oder an d’Ausland suerge reegelméisseg fir onvergiesslech Momenter.
Déi gréissten Erausfuerderung wäert et sinn, nei Memberen ze fannen. Mir si frou, datt mir aktuell esou vill aktiv Sängerinnen a Sänger hunn, mee mir ginn alleguer net méi jonk. Eng nei Generatioun steet de Moment nach net an de Startlächer. Eng Iddi wier eventuell eng Zesummenaarbecht mat der kantonaler Musekschoul, déi och vill am Beräich vum Gesang ubitt.
Kommt einfach emol méindes owes bei eis an de Proufsall op Iewerleng! Hei trefft Dir lauter léif Mënschen, bei deenen een d’Angscht virum Sange séier verléiert. A wann eppes net direkt klappt, sinn ëmmer genuch Leit do, déi hëllefen. Och ouni Gesangserfarung oder Noutekenntnisser kënnt ee séier zu engem schéine Resultat!
Chorale Gemeng Useldeng
Fernand Even
evenfern@pt.lu
Musikschoul
26/11/2026
Musikschoul
25/11/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Musée Michel Lucius
23/10/2026
Musikschoul
23/10/2026
Musique dans la Vallée
22/10/2026
Chrëschtdag
16/10/2026
Chrëschtmäert-Agenda
26/11/2026
Club Soroptimist Mosaik
26/11/2026
Club Atertdall
26/11/2026
Kanton Réiden Tourisme
26/11/2026
Dëschtennis
26/11/2026