Wandpark Kanton Réiden
Wandpark Kanton Réiden – Aweiung mam Premier
27/10/2026
Ech sinn d’Svenia Schreiner, an hu säit kuerzem de Posten als nei Responsabel fir Kommunikatioun a Sensibiliséierung am Waasserhaus zu Réiden iwwerholl.
Als diploméiert Psychologin sinn ech aus dem soziale Secteur an de Naturschutz iwwergesprongen – u nei Ufere souzesoen. Ech sinn an de leschte Joren ëmmer méi menger Passioun fir d’Natur nogaangen an hunn nieweberufflech Ausbildungen an der Natur- a Wëllplanzenpädagogik an am Natur-Resilienz-Training gemaach. Meng liewenslaang Begeeschterung fir d’Natur liewen ech iwwert d’Fotografie an och iwwert eisen naturnoe Gaart, dee mech a meng Famill mat allerlee wëlle Kraider versuergt, an och Déiere vill Liewensraum bitt.
Meng nei Roll am Waasserhaus ass, Iech engersäits iwwert d’Aarbecht vun der Flosspartnerschaft Atert an de COPIL Natura 2000 Atert- & Warkdall z’informéieren, an anerersäits och iwwer Atelieren, Aktiounen a Medien d’Bewosstsi fir dat onverzichtbaart Element „Waasser“ an all sengen Aflëss op d’Liewen an eis Ëmwelt ze verdéiwen.
Eng Fro, déi mech doranner begleede wäert ass: Wéi kënne mir eis Relatioun mam Waasser nei gestalten, fir méi Resilienz an enger méi ongewësser klimatescher Zukunft z’entwécklen?
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Äerdschëff
12/10/2026
Äerdschëff
23/09/2026
Kanton Réiden Environnement
14/08/2026
Commune de Beckerich
12/08/2026
Äerdschëff
10/08/2026
Chrëschtdag
16/10/2026
Chrëschtmäert-Agenda
26/11/2026
Club Soroptimist Mosaik
26/11/2026
Club Atertdall
26/11/2026
Kanton Réiden Tourisme
26/11/2026
Dëschtennis
26/11/2026