Wandpark Kanton Réiden
Wandpark Kanton Réiden – Aweiung mam Premier
27/10/2026
Vill Leit fuere bal all Dag beim Äerdschëff zu Réiden laanscht, ouni genee ze wëssen, wat sech dohannert verstoppt. Dobäi ass et vill méi wéi en aussergewéinlecht Gebai. Et ass eng Plaz, wou nohaltegt Bauen a Liewen, gemeinsaamt Léieren an innovativ Iddien zesummekommen. Mir hu mam Sophie Pixius geschwat, dat sech dofir asetzt, d'Äerdschëff nach méi an eiser Regioun ze verankeren.
Ech wunnen zu Réiden zesumme mat mengem Partner an eisen dräi Kanner an engem intergenerationellen Haus mat mengen Elteren. Nom Studium vun der Anthropologie an Development Studies hunn ech eng Zäit am Peru gelieft. Do hunn ech meng Passioun fir Naturschutz an nohalteg Landwirtschaft entdeckt an e Master an der Agrarökologie gemaach. Zréck zu Lëtzebuerg hunn ech zesumme mat zwee Kolleegen d'Kooperativ TERRA um Eecherfeld gegrënnt. Do baue mir zënter 2014 mat eiser solidarescher Landwirtschaft Geméis u fir ronn 200 Familljen.
D'Äerdschëff läit mir um Häerz an ech hunn et säit senger Grënnung suivéiert. Ech wënschen mir, dass et zu engem liewege Projet gëtt, deen d'Awunner aus eiser Regioun inspiréiert an zesummebréngt. Meng Aufgab ass et, d'Äerdschëff am Wëlle Westen méi bekannt ze maachen. Ech schaffen dofir fënnef Stonnen d'Woch am Kader vun engem LEADER-finanzéierte Projet.
D'Äerdschëff ass en innovativt Gebai, dat bal komplett autonom funktionéiert. Eist Äerdschëff notzt d'Sonn an de Wand als Energiequell, sammelt a filtert Reewaasser, a behandelt säin Ofwaasser op der Plaz. D'Äerdschëff gouf gréisstendeels aus natierlechen, lokalen a recycléierte Materialie wärend engem partizipative Chantier vu Fräiwëllege gebaut. D'Äerdschëff ass eng experimentell Léierplaz fir radikal nohalteg Usätz a Léisungen.
Mir wëllen Atelieren, Konferenzen, Film- a Spillowenter, Theaterstécker a Kënschtlerresidenzen organiséieren. Mat dësen Aktivitéite wëlle mir d'Leit zesummebréngen an hinnen Iddien a konkret Beispiller fir eng méi nohalteg Liewensweis mat op de Wee ginn.
Mir gleewen un eng einfach, gerecht an nohalteg Liewensweis, als Alternativ zu héich komplexen Technologien, zum Iwwerkonsum, der Wegwerfgesellschaft, an enger ëmmer méi grousser globaler Ofhängegkeet. Mir setzen op Reparéieren, op lokal, kreativ Léisungen an op e bewossten Ëmgang mat de Ressourcen. Dobäi stinn Zesummenhalt an e respektvollen Ëmgang mat der Natur am Mëttelpunkt.
Ech hoffen, datt d'Äerdschëff sech zu engem oppenen Treffpunkt fir d'Regioun entwéckelt. Eng Plaz, wou jidderee wëllkomm ass, sech iwwer eng nohalteg Liewensweis informéiere kann, sech mat anere Mënschen austauscht, iwwer de Site spadséiert oder bei enger flotter Aktivitéit matmécht.
Kommt laanscht, entdeckt de Site a maacht bei eisen Aktivitéite mat, mir freeën eis op Äre Besuch! Mir si gläichzäiteg och oppe fir Zesummenaarbechte mat Veräiner, Schoulen an aneren Acteuren aus der Regioun. Wien eng Iddi huet oder eng Aktivitéit an engem inspiréierende Kader organiséiere wëll, ass häerzlech wëllkomm
Äerdschëff
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Äerdschëff
23/09/2026
Kanton Réiden Environnement
14/08/2026
Commune de Beckerich
12/08/2026
Äerdschëff
10/08/2026
Pacte climat
27/05/2026
Chrëschtmäert-Agenda
27/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
HPPA Redange
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026