Äerdschëff

A wann den Theater kéint hëllefen, eppes ze beweegen?

Veröffentlicht: 23/09/2026 - 11:46
Aktualisiert: 28/09/2026 - 11:51
1 Minute
Foto: Äerdschëff

D'Äerdschëff an Zesummenaarbecht mat Artis Culture  proposéiert eng eenzegaarteg an interessant Formatioun ...Onbedingt deele mat jidderengem dee kéint intresséiert sinn! 

Loscht Theater ze spillen, ze improviséieren, aner Leit kennenzeléieren an zesummen iwwer d’Erausfuerderunge vun eiser Gesellschaft nozedenken?

Vum 30. September u bitt d'Äerdschëff all Mëttwoch owes en Atelier Theater an Improvisatioun mam Theater-Forum op Lëtzebuergesch un, fir Erwuessener a Jugendlecher ab 17 Joer.

Du muss kee Schauspiller sinn! Mat Szenen spillen, vu reelle Situatiounen inspiréiert, kucke mir ënner anerem op Ekologie an Eco-Angscht, Greenwashing, individuell a kollektiv Verantwortung, Diskriminatioun, mental Gesondheet, Bezéiungen a Selbstbehauptung.

A virun allem: Du kanns an d'Zeenen agräifen! Am Theater-Forum ginn d’Spectateuren zu « Spect-Acteuren » a kënnen nei Weeër ausprobéieren, fir mat schwierege Situatiounen ëmzegoen.

Wéini: Vum 30. September 2026 un, all Mëttwoch vun 19:30 bis 21:30 Auer
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fir:Jugendlecher & Erwuessener
Wou: Äerdschëff – Réiden
Formateur:  Pascal Durante vun ARTIS Culture asbl (Comédien, Formateur, Médiateur professionnel & Coach agréé)

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Umwelt

Aktuelle Nachrichten