Club Atertdall
Aktivitéite vum Club Aterdall
19/10/2026
Ob am Foyer de Jour oder an engem Vakanzenzëmmer: Eeler Mënsche kënnen den Alldag am Haus kenneléieren, un Aktivitéiten deelhuelen a vun enger individueller Betreiung profitéieren.
De Foyer de Jour am HPPA Réiden/Atert riicht sech un eeler Mënschen déi nach doheem wunnen an déi hiren Dag gär a Gesellschaft verbréngen, un ofwiesslungsräichen Aktivitéiten deelhuelen a gläichzäiteg vun enger individueller Betreiung profitéiere wëllen. No enger klenger Paus ass de Foyer de Jour zënter 2026 nees op a bitt Plaz fir insgesamt 15 Persounen.
D'Gäscht sinn an den Alldag vum Haus integréiert a kënnen un de villen Aktivitéite vum Club R deelhuelen. Ob Gymnastik, kreativt Handwierk, Sangen, Kachen a Backen – de Programm ass villfälteg a bitt fir jiddereen eppes. Och regional an national Ausflich a kulturell Evenementer sti reegelméisseg um Programm. Fir dat leiflecht Wuel suergt eis Kichenekipp, déi d’Gäscht all Dag mat frësch preparéierten a variéierte Moolzechte verwinnt. Fir Persounen, déi eng méi ëmfaassend Dagesbetreiung brauchen, besteet ausserdeem d'Méiglechkeet, an eng vun de Liewensgruppen integréiert ze ginn.
Säit dem Summer bitt den HPPA Réiden/Atert och Vakanzenzëmmeren (Court séjour) un. Dës Offer ass geduecht fir eeler Persounen, déi fir e puer Wochen eng temporär Ënnerkonft mat Betreiung sichen. Dat kann zum Beispill de Fall sinn, wa betreiiend Familljememberen eng Paus brauchen oder wann een d'Liewen an engem HPPA-Haus fir eng begrenzten Zäit erliewe wëll.
Wärend hirem Openthalt ginn d'Gäscht individuell betreit, kënnen un den Aktivitéite vum Haus deelhuelen a Kontakter mat anere Bewunner knäppen.
Och an den HPPA-Haiser zu Gréiwemaacher a Klierf gi Vakanzenzëmmeren ugebueden.
Wann Dir Iech fir eise Foyer de Jour oder eis Vakanzenzëmmeren interesséiert, kënnt Dir Iech gär direkt un HPPA Réiden/Atert wenden. D'Ekipp vum Haus informéiert gär iwwer déi verschidden Offeren an d'Modalitéite vun enger Umeldung.
HPPA Réiden/Attert
Tel. 27 13 40 00
Club Atertdall
19/10/2026
Souvenirs de vie
13/10/2026
Club Atertdall
25/09/2026
Club Atertdall
14/08/2026
Club Atertdall
30/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026
Chrëschtmäert-Agenda
27/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Tourisme
23/10/2026