Kanton Réiden Environnement
Strom teilen – eine neue Möglichkeit für Photovoltaikbesitzer
14/08/2026
Den 8. Mee 2026 hunn am Cercle Cité an der Stad Lëtzebuerg véier Gemengen aus dem Kanton Réiden hier Klimapakt-Zertifizéierungstrophäe aus den Hänn vum Minister Serge Wilmes entgéint geholl.
Dës Auszeechnung belount déi kontinuéierlech Efforten, déi d’Bevëlkerung, d’Gemengepersonal an déi politesch Responsabel zënter ville Joren am Kampf géint de Klimawandel leeschten.
D’Gemenge Biekerech an Ell hunn allebéid d’Zertifizéierung Gold mat engem Resultat vun 82 % beim Audit kritt. D’Gemenge Sëll a Réiden hunn hirersäits d’Zertifizéierung Silver erreecht, mat respektiv 73 % an 68 % beim Audit.
D’Gemeng Biekerech konnt domat hiert schonn exzellent Resultat vun 2023 behalen, wärend d’Gemengen Ell, Sëll a Réiden an de leschten dräi Joer eng bemierkenswäert Verbesserung vu ronn 8 % erreecht hunn.
Dës Resultater weisen nach eng Kéier däitlech, datt de Kanton Réiden sech duerch dat grousst Engagement vu senger Bevëlkerung, senge Gemengeservicer an de politesche Responsabele fir de Klimaschutz an d’Energietransitioun asetzt.
Kanton Réiden Environnement
14/08/2026
Commune de Beckerich
12/08/2026
Äerdschëff
10/08/2026
Natur & Ëmwelt
26/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Maison de l'Eau
21/05/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Fussballcamp
19/08/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026