HPPA Redange
HPPA Réiden - verschidde Méiglechkeeten d’Liewen am Haus kennenzeléieren
27/10/2026
De Foos Berchem (97) huet bal e ganzt Joerhonnert lëtzebuergesch Geschicht materlieft. Als Jong um Bauerenhaff huet hien den Zweete Weltkrich erlieft, spéider iwwer Joerzéngte laang als Bauer geschafft a sech staark am Duerfliewen engagéiert. Haut wunnt hie mat senger Fra am HPPA zu Réiden. Am Gespréich erzielt hie vu schwéieren Zäiten, sengen zwou grousse Léiften an de Wäerter, déi hie bis haut droen.
Ech sinn zesumme mat menge véier Schwësteren, dorënner meng Zwillingsschwëster, a véier Bridder, déi all tëscht 1920 an 1930 gebuer sinn, op eisem Bauerenhaff zu Ollem grouss ginn.
Mäi Papp ass leider sechs Woche virun der Gebuert vum néngte Kand onerwaart gestuerwen. Ech hu keng Erënnerung un hien. Meng Mamm a meng Groussmamm hunn den Haff du misse verpachten, mee mir hunn zwou Kéi, zwee Schwäin an de Geméisgaart behalen. Mir hu vun deem gelieft, wat den Haff an de Gaart hierginn hunn, mir hunn eist eege Brout gebak a geschluecht.
Nodeems mir den Haff 1940 nees selwer bewirtschaftet hunn, sinn ech all Moie virun der Schoul zwou Kéi sträiche gaang. E puer Joer drop, waren de Päerdsstall an d'Méimaschinn meng Aufgab. Ech sinn am Heemount um véier opgestan, hunn d'Päerd versuergt a si mat hinne méine gefuer. Ech hunn déi Aarbecht ëmmer gär gemaach.
Den Dag virun der Invasioun hate mir bis spéit owes Grompere gesat. Well keng Zäit méi fir d'Hausaufgabe bliwwen ass, huet eis Mamm eis den 10. Mee 1940 moies fréi erwächt, fir se nach virun der Schoul ze maachen.
Wéi mir grad ugefaangen haten, huet mäi grousse Brudder vun dobausse geruff: „Kommt kucken, e Fliger!“ E Fliger um Himmel war deemools eppes ganz Aussergewéinleches.
Géint siwen Auer moies ass eng laang Kolonn vu Motorrieder mat Säitekärecher, wou iwwerall Zaldote mat Karabiner drasouzen, duerch d'Duerf gefuer. Mir hate kee Radio a woussten iwwerhaapt net, wat lass war. Eréischt wéi mir d'Hakekräizer op den Uniforme gesinn hunn, hu mir begraff, datt et d’Preise wieren. Deen Dag hu mir net méi bréichten an d’Schoul ze goen. Och wann de Problem vun der Hausaufgab fir deen Dag geléist war, koume vill méi grouss Problemer op eis duer.
Besonnesch erdréckend war, wéi mir iwwer zwee Joer e fanateschen däitschen Ënneroffizéier bei eis am Haus wunnen haten, dee fir déi preisesch Radarstatioun am Duerf geschafft huet.
Dräi vu menge Bridder goufen an d'Wehrmacht agezunn. Mäin drëtteelste Brudder, de Jäng, ass wärend engem Heimaturlaub zu Alzeng ënnergedaucht. Well hie sech awer aktiv géint den Naziregimm wollt asetzen, huet hie sech der Resistenz an der Belsch ugeschloss. Zesumme mat 17 anere Lëtzebuerger gouf hien an engem Bësch bei Habay verroden, gefaange geholl an den 9. Mee 1944 zu Frankfurt erschoss.
Meng zwee aner Bridder hu béid op der Ostfront gekämpft. Nom Doud vum Jäng hat meng Mamm e Gelübde gemaach: Sollten hir zwee aner Jongen de Krich iwwerliewen, géif si eng Muttergottes-Statue stëften. Si huet hiert Verspriechen agehalen. Haut steet dës Statu an der Entrée vun der Randschelter Kierch.
Meng Mamm huet vill Wäert drop geluecht, datt all hir Kanner eng gutt Ausbildung kréien. Wéi meng Bridder, sinn och ech an d'Akerbauschoul gaangen. No der Schoul hunn ech um Haff matgeschafft a mir hunn e quasi vun Null un opgebaut a vergréissert. Ech hunn déi rasant Entwécklung an der Landwirtschaft matgemaach, vum Aarbechtspäerd bis zum décken Traktor.
Ech hat mech an e Meedchen, d’Colette verléift. Hir Mamm war awer der Meenung, datt e Bauerejong net dee richtege Mann fir hir Duechter wier. Dat huet mech esou déif getraff, datt ech a Kanada wollt auswanderen. Meng Mamm huet mech awer dovun ofgehalen.
Wéi meng Fra an ech meng éischt grouss Léift bal 60 Joer méi spéit zoufälleg erëmgesinn hunn, sot d‘Colette: „Wat war ech eng domm Kou, datt ech deemools op meng Mamm gelauschtert hunn.“
Richteg, 1970 hu mir zu zwee de Betrib iwwerholl, dee bis dohinner op Berchem Veuve gelaf ass. Well mäi Brudder sech no a no méi staark politesch engagéiert huet, war hien ëmmer manner um Haff, wat net einfach war. 1979 hunn ech de Betrib eleng iwwerholl a mat menger frësch bestueter Fra weidergefouert.
Jo, mir hunn eis kennegeléiert, wéi d'Jeanny Giedel vum neie Pompjeesfändel ginn ass. Hatt seet haut nach ëmmer, ech hätt et 10.000 Frang kascht – esou vill huet nämlech seng Part vum Fändel kascht! D'Jeanny ass e Stater Meedchen an eng geléiert Bünenbildnerin. Trotzdeem huet hatt sech erstaunlech séier un d'Liewen um Bauerenhaff gewinnt a war mir ëmmer eng grouss Ënnerstëtzung. Dem Jeanny säi gréisste Wonsch als Kand war nämlech Bauer ze ginn. Säi Papp huet dat awer deemools net zougelooss.
Dat huet misse sinn! Ech war bei de Pompjeeën aktiv, sinn 20 Joer laang Ambulanz gefuer, war Member vum Poretteclub a Grënnungsmember vun de Vélos comiques. Mat eise selwer ëmgebaute Vëloe si mir méi wéi véier Joerzéngten op Kavalkaden an aner Fester ënnerwee gewiescht.
1995 hu mir de Betrib an eist Haus un eisen Neveu weiderginn. D‘Jeanny wollt ëmmer gär an d'Éislek plënneren, ech wollt awer net ze wäit vun Ollem ewech sinn. Wéi mir zu Gréiwels en Haus ze verkafe gesinn hunn an d'Jeanny déi immens Vue bis op de Kierchbierg entdeckt huet, war fir hatt direkt kloer: „Dat hei ass et!“
Langweileg war et mir bis elo ni. Ech bastele gär, hu vill am Gaart geschafft an hat d’Chance e gudden Deel vun der Welt ze gesinn. Zënter mengem Hiereschlag muss ech awer méi lues trieden.
Et ass wichteg, all Dag eng positiv Beschäftegung ze hunn, eppes wou ee sech moies beim Opstoen drop freet. An ech hat ni eng Rechemaschinn, an hunn haut nach kee Computer oder Smartphone ugepaakt. De Kapp huet ëmmer missen duerhalen!
Zefriddenheet bedeit fir mech e rouegt Liewen ouni Péng féieren ze dierfen, an dat ze maachen, wat ee gäre mécht! Éierlechkeet, Respekt a Récksiicht op déi aner si fir mech déi wichtegst Wäerter.
Loosst Iech net alles gefalen! Wann Dir d’Gefill hutt, net respektéiert ze ginn, reagéiert! Nëmmen esou kënnt Dir mat Iech selwer an der Welt a Fridde sinn!
HPPA Redange
27/10/2026
Club Atertdall
19/10/2026
Club Atertdall
25/09/2026
Club Atertdall
14/08/2026
Club Atertdall
30/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026
Chrëschtmäert-Agenda
27/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
HPPA Redange
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026