Repair Café Kanton Réiden
Kommt op de Repair Café de 17. Oktober 2026 zu Foulscht
28/09/2026
Zënter de Legislativwale vun 2023 vertrëtt de Jeff Boonen, 41 Joer, de Bezierk Norden als CSV-Deputéierten an der Chamber. De Jeff wunnt mat senger Famill zu Ielwen (Elvange) an der Gemeng Biekerech. Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner. Zesumme mat senger Famill bedreift hien e Mëllechvéibetrib mat enger klenger Biogasanlag. Ier en an d’Chamber koum, huet hien als geléierten Agraringenieur deelzäit am Lycée Technique Agricole zu Gilsdref geschafft. Hien huet u verschiddenen europäesche Projete geschafft mam Schwéierpunkt nohalteg Mëllechproduktioun, souwéi an der Organisatiounsekipp vun der Foire Agricole.
Den Norde muss attraktiv bleiwen – als Plaz fir ze liewen, ze schaffen an eng Famill ze grënnen. Dofir brauche mir eng gutt Gesondheetsversuergung, bezuelbare Wunnraum, eng staark regional Wirtschaft an eng zouverlässeg Mobilitéit. Fir de Kanton Réiden gëllt et, déi gutt Liewensqualitéit an den Dierfer ze erhalen an nei Perspektive fir déi jonk Familljen ze schafen.
Eng Erausfuerderung ass den Ausbau vun eiser Energieinfrastruktur. Wa mir méi elektrifizéieren, brauche mir staark Stroumnetzer an Energiespäicher. Haut scheitere scho vill Projeten un de feelende Kapazitéiten. Och d'Dekarboniséierung vun ale Wunnengen ass wichtig. Dofir brauche mir lokal Energiekonzepter, z.B. mat Fernwärmenetzer an erneierbaren Energiequelle wéi Geothermie, Biogas oder Ofwäermt vun Industriebetriber.
Eis Regioun huet nach Potenzial fir bezuelbare Wunnraum an eng héich Liewensqualitéit. Eng grouss Stäerkt ass och eis Landwirtschaft, déi méi lokal Liewensmëttel produzéiere kann an e Bäitrag zur Energieproduktioun an zu nohaltege Rohstoffer leeschte kann. Dat schaaft regional Wäertschafung an nei Perspektive fir de Kanton.
Ech probéieren an all Kommissioun e konstruktiven Input ze ginn. Besonnesch zefridde sinn ech mat der Aarbecht an der Agrarkommissioun, déi ech presidéieren. Déi sachlech Diskussiounen iwwert d’Parteigrenzen eraus an déi gutt Zesummenaarbecht mat der Ministesch hëllefen, konkret Projeten no vir ze bréngen. E puer Projete wëll ech hei nennen: mir hunn d‘regional Vermaartung an den ëffentleche Kantinnen ausgebaut, ee Gesetz fir d’Entwécklung vu Geméiszäre gestëmmt, an och dofir gesuergt dass d’Bauere bei Agri Photovoltaik Installatioune konkret mussen um Projet bedeeligt sinn.
Ech schätzen et, u Reformen ze schaffen an dobäi vill bäizeléieren. Den Austausch an de Kompromëss an der Demokratie féieren oft zu bessere Léisungen. Als Member vun der Majoritéit kann ech mech fréi an de Prozess abréngen. D'Erausfuerderung ass et, mat Argumenter an Dialog seng Iddien an de gemeinsame Wee afléissen ze loossen. D’Resultater sinn net ëmmer op den éischten Bléck sichtbar, dofir brauch een e laangen Otem.
D'Gemenge sinn no bei de Bierger, de Veräiner an de Betriber a kennen d'Besoinen um Terrain am beschten. Als nationale Politiker gesinn ech meng Roll doran, Kontakter an Informatiounen ze vermëttelen a regional Projeten ze ënnerstëtzen. Gläichzäiteg musse mir de gesetzleche Kader upassen, fir dass Entwécklungen nit gebremst gin.
Wann ech ee Wonsch kéint ëmsetzen, da wier et de Bau vun enger neier Museksschoul mat engem Kulturhaus fir de Kanton Réiden. Déi aktuell Infrastrukture sinn ze kleng an et ass schued, datt Kanner wéinst Platzmangel net kënnen opgeholl ginn. Esou e Projet wier eng Investitioun an eis Jugend, an d'Kultur an d'Liewensqualitéit vun der ganzer Regioun.
D'Leit kommen dacks mat konkrete perséinlechen Dossieren op mech duer, wou si Hëllef oder e Kontakt bei enger Verwaltung oder engem Ministère brauchen. Ech versichen ze hëllefen, wou et geet. Als President vun der Agrarkommissioun sinn ech och reegelméisseg am Austausch mat de Baueren a kréien esou e gudde Bléck op hir Suergen an d'Erausfuerderungen um Terrain.
D’Aarbecht als Bauer ass fir mech schonn ee groussen Ausgläich zur politescher Aarbecht. Meng Fräizäit verbréngen ech am léifste mat menger Famill. Donieft spillen ech Trombonen an der Schweecherdaller Musek a ginn zesumme mat menger Fra an d'Danzschoul. Dat ass fir mech e gudd Gläichgewiicht zum Alldag.
Eng vu menge Liblingsplazen ass d'Biekerecher Mille mat hirem Weier. Schonn als Kand hunn ech do Zäit verbruecht. Haut ass de Site ganz schéi renovéiert an huet säin eenzegaartege Charme behalen. Et ass eng Plaz, déi Natur, Rou a schéi Kandheetserënnerunge matenee verbënnt.
Repair Café Kanton Réiden
28/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Zone Industrielle Solupla
28/09/2026
Repair Café Kanton Réiden
28/09/2026
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
Gemeng Sëll
28/09/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026