Musique dans la Vallée
Musik am Atertdaul: Musek, déi d’Regioun verbënnt
14/08/2026
No der Summervakanz begréisse mir véier nei Enseignanten an eng nei Sekretärin an eiser Museksschoul.
Mat 805 Schüler – ronn 100 méi wéi am leschte Schouljoer – huet eis Museksschoul hir räimlech Kapazitéiten erreecht Déi meescht Aschreiwunge verzeechent d’Formation musicale (Solfège) mat 405 Schüler. Duerno kommen d'Blosinstrumenter (295 Aschreiwungen) an de Piano (129 Aschreiwungen). D’Uergel an d’Harf zielen zu deene Fächer mat de mannsten Aschreiwungen.
An dëser Editioun stelle mir Iech eis nei Enseignanten an eis Sekretärin kuerz vir.
Je suis pianiste et compositrice japonaise. J’enseigne également la lecture à vue et la transposition au Conservatoire royal de Bruxelles.
J’ai eu le plaisir d’enseigner à l’École de musique de Redange en 2023, et je suis très heureuse d’y revenir cette année.
J’apprécie particulièrement l’atmosphère chaleureuse de cette école, la motivation et la gentillesse des élèves, ainsi que le professionnalisme et la bienveillance de mes collègues, qui sont de formidables pédagogues. Je me réjouis de partager une nouvelle année musicale avec eux et avec les élèves.
Mäin Numm ass Ben Hirt, ech hunn 22 Joer an hunn elo am Juni 2026 mäi Bachelor am Piano um Institut Royal Supérieur de Musique et de Pédagogie zu Namur ofgeschloss.
Vun dësem Schouljoer un ënnerriichten ech Piano an der Réidener Museksschoul. Ech freeë mech immens drop, meng Passioun fir de Piano an d’Musek mat menge Schüler ze deelen.
Je m’appelle Laurence Steichen. Titulaire d’un Master en clarinette, je termine actuellement un Master en direction d’orchestres d’harmonie. Depuis 2008, j’ai la chance d’exercer mon métier de clarinettiste au sein de la Musique Militaire Grand-Ducale.
À partir de septembre, je suis très heureuse de rejoindre l’école de musique en tant que professeur de clarinette. Pour moi, enseigner, c’est bien plus que transmettre une technique : c’est partager une passion, accompagner chaque élève dans son évolution et lui donner confiance pour s’épanouir à travers la musique. J’ai hâte de vivre cette belle aventure musicale avec mes futurs élèves et de leur faire découvrir tout le plaisir que peut offrir la clarinette.
Ech sinn d’Myriam Muller, 34 Joer al, Mamma vun dräi klenge Kanner a wunne mat menger Famill zu Biekerech.
Vu kommender Rentrée un, enseignéieren ech den Éveil musical an d'Formation musicale an der Réidener Museksschoul.
Meng musikalesch an didaktesch Ausbildung hunn ech op der Zürcher Hochschule der Künste gemaach. Do hunn ech fir d’éischt e Bachelor a Musik- a Bewegungspedagogik absolvéiert an duerno e Master a Musikpädagogik mat der Spezialiséierung Rhythmik ofgeschloss. Wäertvoll praktesch Aarbechtserfarung konnt ech dunn am Musik Konservatorium Zürich sammelen, wou ech déi musikalesch Fréierzéiung geleet an am Beräich vun der Chouerleedung ënnerriicht hunn.
No zéng schéine Joren an der Schwäiz, mat engem Rucksak voller Inspiratioun, neie Methoden a vill Begeeschterung, huet et mech zréck op Lëtzebuerg gezunn. Rëm an der Heemecht hunn ech bei der UGDA esou wéi am Ettelbrécker Conservatoire ënnerriicht.
Well mir als Famill de Kanton Réiden als eist Doheem erausgesicht hunn, ass dëst neit Kapitel an der Réidener Museksschoul eppes ganz Besonnesches fir mech. Ech freeë mech immens drop, aktiv hei an der Regioun ze wierken a si voller Virfreed, all meng nei Schüler a Schülerinne kennenzeléieren an hinnen d'Freed un der Musek weiderzeginn!
Ech sinn d’Anaïs a si gebierteg vun Ell, wou ech nees säit 2017 mat menger Famill liewen. 14 Joer laang hunn ech als Libraire an der Stad geschafft.
D’Musikschoul vum Kanton Réiden hunn ech duerch meng zwee Kanner kennen a schätze geléiert. Elo freeën ech mech immens op meng nei Aufgab am Sekretariat, wou ech d’Marie-Paule Reiser-Heymans ersetzen, déi geschwënn an d’Pensioun geet.
Musique dans la Vallée
14/08/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Kultur-Agenda
30/06/2026
Musikschoul
18/06/2026
E Concert tëscht Klassesch a Rock
18/06/2026
Musikschoul
29/05/2026
Musique dans la Vallée
14/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Kanton Réiden Environnement
14/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026