Musikschoul

Dräi musikalesch Rendez-vousen

Veröffentlicht: 25/09/2026 - 17:19
Aktualisiert: 25/09/2026 - 17:31
1 Minute

Och an der Musikschoul Kanton Réiden si mir an dat neit Schouljoer gestart:

An dësem Schouljoer stinn an eiser Musikschoul nees flott musikalesch Momenter um Programm. Hei schonn emol dräi Rendez-vousen, déi Dir Iech onbedéngt sollt am Kalenner markéieren:

21. November 2026 - Playday

Ffir Kanner vun 8 - 10 Joer
Beim Playday steet dat gemeinsaamt Musizéieren an Entdecken am Mëttelpunkt. Eis Schülerinnen a Schüler kréien d’Méiglechkeet, Musek op eng aner Aart a Weis ze erliewen, zesummen aktiv ze sinn an nei musikalesch Erfarungen ze sammelen.

5. Dezember 2026 - Christmas Favourites

Zu Useldeng am Centre Culturel

Kuerz virun de Feierdeeg gëtt et musikalesch Chrëschtdagsstëmmung! Bei eise Christmas Favourites erwaarden Iech bekannte Melodien, festlech Kläng an e flotte musikalesche Moment an der Adventszäit.

11. Dezember 2026 - Concert des enseignants

Dës Kéier stinn eis Enseignanten net nieft, mee selwer op der Bün! Beim Concert des enseignants héiert Dir flotten an ofwiesslungsräiche Chrëschtprogramm.

Mir freeën eis op dës dräi Rendez-vousen an hoffen, vill vun Iech do begréissen ze kënnen!

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kultur

Aktuelle Nachrichten