Musikschoul
D’Musikschoul Kanton Réiden stellt hiert neit Personal vir
14/08/2026
Fir seng 28. Editioun invitéiert de Festival Musique dans la Vallée – Musik am Atertdaul de Publikum nees op eng musikalesch Rees op béide Säite vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz. Vum 29. August bis den 3. Oktober 2026 fëlle siwe Concerten d’Kierchen an Säll zu Attert, Biekerech, Ell, Nobressart, Pärel, Préizerdaul a Réiden mat de schéinsten Téin. Um Programm steet eng musikalesch Rees duerch d’Joerhonnerten – vum Mëttelalter bis zur zäitgenëssescher Musek.
De Festival start Samschdes, den 29. August um 20 Auer an der Kierch zu Bettborn mat Tèrra Maïre. Déi zwielef Stëmme vum Ensemble Dulci Jubilo presentéieren eng Hommage un d’Fra vum Mëttelalter bis haut a verbannen dobäi Gedichter vu weiblechen Troubadouren mat okzitaneschem a katalaneschem polyphonem Gesang.
De 5. September zu Biekerech hëlt den Ensemble Obsidienne eis mat De cœur joyeux ! mat an d’Zäit vun den Herzoge vun der Bourgogne. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vum Guillaume Dufay. Den 13. September zu Attert geet et mat T’as voulu voir Jacques Brel et on a vu… an eng ganz aner musikalesch Welt: De Camille Seghers um Cello, den Alexis Thibaut de Maisières um Piano an de Jean-François Saudoyez als Rezitant loossen dem Jacques Brel seng Chansone mat klassescher Musek an een Dialog trieden.
Déi musikalesch Rees geet de 16. September zu Pärel mat enger Soirée vénitienne weider, déi ënner anerem dem Johann Rosenmüller an anere Komponiste vum italieenesche Barock gewidmet ass. Dräi Deeg méi spéit, den 19. September zu Réiden, léisst den Ensemble Diabolus in Musica mat Le chant des cathédrales déi grouss polyphon Wierker vun der École de Notre-Dame de Paris nees opliewen.
De 27. September zu Nobressart interpretéiert de Kammerchouer Appassionato déi beandrockend Vêpres vum Sergueï Rachmaninov. Zum Ofschloss vum Festival gëtt et den 3. Oktober zu Ell e richtege Voyage musical à travers les époques. Um Programm stinn de Bach, Händel, Veracini a Vivaldi, ier den Ensemble Little Byrds de Publikum an der zweeter Hallschent op eng vokal Rees duerch verschidde Länner, Kulturen a Joerhonnerte mathëlt.
Virverkaf: 18 € pro Concert oder 15 € pro Concert, wa mindestens véier verschidde Concerten zesumme reservéiert a bezuelt ginn.
Jonker vun 12 bis 18 Joer a Studente bezuele 6 €; fir Kanner ënner 12 Joer ass den Entrée gratis.
Fir Erwuessener kascht den Entrée den Dag vum Concert 23€.
D’Reservatioune ginn jeweils freides virum Concert um 14 Auer ofgeschloss.
Méi Informatiounen a Reservatiounen: www.aupaysdelattert.be/festival · musique.vallee@attert.be · +32 63 22 78 55.
Musikschoul
14/08/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Kultur-Agenda
30/06/2026
Musikschoul
18/06/2026
E Concert tëscht Klassesch a Rock
18/06/2026
Musikschoul
29/05/2026
Musikschoul
14/08/2026
De Kanton Réiden Magazine
14/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Kanton Réiden Environnement
14/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026