OSCARE
Recrutement d'un(e) assistant(e) social(e) (m/f/d)
02/10/2026
Jo, natierlech! Dëst Joer gëtt d’Stéck „De leschte Sonndën am September“ gespillt. D’Monique Kuffer huet d’Stéck geschriwwen, an d’Lucie Schneider féiert Regie. Mat dobäi sinn net nëmme Membere vum Réidener Gemengerot, mee och Vertrieder aus anere Gemengen aus dem Kanton. Mir freeën eis besonnesch, datt och dëst Joer nees eng Rei national Politiker mat op der Bün stinn: Jeff Boonen, Martine Hansen, Tilly Metz, Maxime Miltgen, Ben Polidori, Jean-Paul Schaaf an Eric Thill.
Donieft wierke vill weider Perséinlechkeeten aus eisem Kanton souwéi eng ganz Rei Kanner mat. Fir déi passend musikalesch Stëmmung virum Theater suergt REDSAX.
Mir hunn dëst Joer ronn 140 Stänn – domat hu mir eisen absolute Limit erreecht. Dobäi kommen nach eng Rei Iess- a Gedrénksstänn.
De Cortège gëtt vun der Réidener an der Nojemer Musek begleet. Op de verschiddene Bünen triede Watatouille, Timeless, Laurent Unchained, Opus 78, D’Cojellico’s Jangen, Laura Thorn, Everdance, Lungo & Mil a Les Brasseurs vun der Stross op.
Gëtt et eppes Spezielles dëst Joer?
Jo! Eise Kidsvillage gëtt dëst Joer nach méi grouss. Nei ass och, datt et direkt am Kidsvillage en Iess- a Gedrénksstand gëtt.
Méi Info: www.reidener-kropemannsfest.lu
OSCARE
02/10/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
OSCARE
02/10/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026
Theater
29/09/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026