De Kanton Réiden Magazine
Merci fir Är Meenung! Hei sinn d'Resultater vun eiser Ëmfro.
29/09/2026
Den 28. Juni 2026 huet déi 5. Editioun vum Weekend vum Wëlle Westen am Musée Thillenvogtei zu Randschelt stattfonnt an huet vill Visiteuren op dësen besonnesche touristesche Site gelackelt. Organiséiert vum Service Tourisme a Service Vivre Ensemble vum Kanton Réiden, huet dëst Fest nees gewisen, wéi vill de Wëlle Westen ze bidden huet.
Ee groussen Highlight war déi offiziell Ouverture vum neie Gîte Randschelt, deen no enger Renovatioun seng Dieren opgemaach huet. Vill interesséiert Gäscht hunn d'Geleeënheet genotzt, d'Gebai bei enger Porte ouverte ze besichen an dës nei touristescht Offer aus der Regioun kennenzeléieren.
De ganze Site war den Dag iwwer mat Liewe gefëllt: touristesch Partner, Veräiner an Aussteller hunn hir Offere presentéiert an de Visiteuren Ablécker an d'Villfalt vum Wëlle Westen ginn. Grouss a Kleng konnten un Atelieren deelhuelen, de Musée entdecken a bei de gratis Kanneranimatioune matmaachen. Och kulinaresch war fir all Goût eppes dobäi.
Fir eng flott Ambiance hunn och déi musikalesch Optrëtter vun der Musikschoul Kanton Réiden, Les Gavroches a Powerblech gesuergt.
E grousse Merci geet un all eis touristesch Partner, Veräiner, Benevollen, Kënschtler, Gemengen an Aussteller, déi mat hirem Asaz zum Erfolleg vun dëser Editioun bäigedroen hunn. Natierlech wëlle mir eis och bei all de Visiteure bedanken, déi dësen Dag mat eis verbruecht hunn.
Mir freeën eis op d’nächst Joer!
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/09/2026
Repair Café Kanton Réiden
28/09/2026
Deputéierten Kanton Réiden
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
OSCARE
02/10/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026
Theater
29/09/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026