Gemeng Groussbus-Wal
De Randschelter Pad ass nees op – a de Solar-Ravi waart zu Randschelt op Iech
30/06/2026
De Musée Thillenvogtei zu Randschelt invitéiert och dëse Summer erëm op e flotte Programm fir Grouss a Kleng. Vum 16. Juli bis den 10. September 2026 ass de Musée all Donneschdeg vun 10.00 bis 18.00 Auer op a bitt nieft dem Muséebesuch eng Rei vun Animatiounen un, bei deenen d'Visiteuren al Traditiounen an Handwierker kenne léieren.
Um Programm stinn ënner anerem d'Bake vu Zockerwaffelen, d'Hierstelle vu Kraiderbotter, d'Dréine vu Sprangseeler, d'Baken vun Eisekuchen oder och d'Fabrikatioun vun engem eegene Hocker aus Holz fir Kanner ab aacht Joer. Besonnesch beléift sinn och d'Ateliere ronderëm d'Baken vu Brout a Gromperekichelcher.
Fir verschidden Aktivitéiten ass et méiglech, d’Visitt mat engem Mëttegiessen ze kombinéieren. Ugebuede ginn ënner anerem Flammkuchen a frësch gebakent Brout oder Gromperekichelcher. Fir dës Aktivitéiten ass eng Umeldung obligatoresch iwwer info@thillenvogtei.lu.
Programm
* Umeldung obligatoresch.
D'Entrée kascht 5 Euro fir Erwuessener an 3 Euro fir Kanner vu 6 bis 16 Joer. D'Animatioune si fir d'Spiller fräi zougänglech.
Mat sengem Summerprogramm bitt de Musée Thillenvogtei eng flott Geleeënheet, fir d'ländlecht Liewen an d'Traditioune vu fréier op eng lieweg a praktesch Aart a Weis z'entdecken.
Méi Info: thillenvogtei.lu
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Trëppeltier fir Kanner
18/06/2026
Réidener Schwämm
27/05/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026