Summerfest an der Réidener Groussgaass, Samschdes, de 4. Juli
18/06/2026
D’Millepätteren – e Grupp vu pensionéierten Handwierker – setzt sech zënter 20 Joer onentgeldlech mat vill Häerzblutt dofir an, de lokale Patrimoine ze erhalen an d’Gemeng Biekerich méi liewenswäert ze maachen. Am Interview gi si Abléck an hir Motivatioun an hir Projeten.
Wéi eis Gemeng d’Biekericher Millen – deemools eng Ruin – kaaft hat, huet 2005 eng Handvoll Pensionären eng Raumaktioun gestart. Den deemolege Buergermeeschter Camille Gira huet dem Jos Schweicher, eisem éischte Millepätter, gréng Luucht gi fir déi al Millen-Seeërei nees un d’Goen ze kréien. Dat war den Ufank – no an no si weider Millepättere bäigestouss.
Mir sinn e Grupp vu Pensionäre mat handwierkleche Kompetenzen a begéinen eis all Mëttwoch tëscht 10h a 16h an den Ateliere vun der Biekericher Mille fir eis Zäit a Wëssen an den Dingscht vun der Gemeng ze stellen. Mat vill Begeeschterung schafe mir Neies oder restauréieren Ales, wat zu eisem Patrimoine gehéiert.
Mir all hunn iwwer Joerzéngte vill Wëssen ugesammelt – et wier immens schued, dëst Potenzial brooch leien ze loossen. En plus, ass et e richtege Genoss, ouni Leeschtungsdrock kënnen ze schaffen an ëmmer nees nei Erausfuerderungen unzehuelen. Wann een um Enn vum Dag eppes mat den eegenen Hänn geschaf huet, ass dat en immens befriddegend Gefill.
Eis Projete si ganz villfälteg, jidderee bréngt säin Erfarungsschatz an, an esou léiere mir permanent bäi. Dat hält eis Käpp fit – an d’Zesummesinn ënner Gläichgesënnte motivéiert natierlech och.
Besonnesch gären erënnere mir eis un de Projet vum neie Millerad, dat 2021 ageweit gouf. Wärend hire leschte Betribsjoren hat d’Millen nämlech kee Millerad méi, mee eng Turbinn. Well mir awer dacks gefrot goufen, wou d’Millerad da wier, hu mir et nogebaut.
Haut si mir zu 13, tëscht 58 an 82 Joer. Mir kommen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher: Elektriker, Mecanicien, Schlesser, Schweesser, Schmadd, Schräiner, Usträicher an Elektroniker. Esou huet ëmmer een eng Léisung!
Jo an dat géife mir absolut begréissen. Et brauch eng Plaz oder Atelier, wou sech d’Pensionäre kënnen treffen, an e puer motivéiert „Zuchpäerd“, déi anerer matzéien. Wichteg ass och, datt keng Konkurrenz zu private Betriber entsteet.
D’Gemeng iwwerhëlt d’Käschte fir d’Material, stellt Maschinnen zur Verfügung an de Fieschter mat senge Mataarbichter liwweren eis d’Holz. Et ass eng ganz gutt Zesummenaarbecht, och mam Service technique vun der Gemeng.
O Mamm – d’Iddie ginn eis net aus! Mir kréie reegelméisseg nei Opträg vun der Gemeng, an och eis eege Kreativitéit kennt keng Grenzen.
Aus Plazgrënn kënne mir de Moment keng nei Memberen ophuelen, soss trëppele mir eis géigesäiteg am Atelier op d’Féiss. Mir deelen awer gären eis Erfarungen, fir datt nei Gruppen entstinn.
18/06/2026
Gemeng Useldeng
27/05/2026
Gemeng Réiden
21/05/2026
Gemeng Réiden
27/03/2026
Gemeng Préizerdaul
20/02/2026
Gemeng Rammerich
17/02/2026
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026