Réidener Schwämm
Sauna-Event – Oktoberfest den 16. Oktober 2026
28/08/2026
Freides, de 27. Mäerz 2026, invitéiert d’Réidener Schwämm Grouss a Kleng op eng Nocturne. Bei dëser Geleeënheet bleiwen d‘Schwämm, d’Brasserie an d‘Sauna ausnamsweis bis Mëtternuecht op.
D’Schwëmmer kënnen d’Bassenge vu 16.00 bis 24.00 Auer notzen, d’Brasserie ëmfänkt d‘Gäscht vun 11.00 Auer bis Mëtternuecht, an d‘Sauna ass vu 14.00 bis 24.00 Auer op a bitt eng ideal Geleeënheet, fir d’Woch entspaant auskléngen ze loossen.
Egal ob fir e puer Längten ënnert dem Stärenhimmel ze schwammen, e gemittleche Moment bei engem gudde Plat a Patt ze genéissen oder sech eng Wellness-Seance an der Sauna ze gënnen – dës Nocturne versprécht eng ganz besonnesch Stëmmung!
Weider Nocturne si schonn de 26. Juni, den 31. Juli an den 28. August 2026 virgesinn.
Méi Informatiounen: www.reidener-schwemm.lu
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026