Réidener Schwämm
Sauna-Event – Oktoberfest den 16. Oktober 2026
28/08/2026
An der Ouschtervakanz organiséiere mir eng ganz besonnesch Entdeckungstour fir d’Kanner mat hire Familljen: eng Ouschter-Schatzsich op eege Fauscht duerch verschidde Gemengen an touristesch Plazen aus dem Wëlle Westen.
Mat enger Schatzkaart ausgerëscht, maachen d’Kanner sech op de Wee. D’Plaze si just duerch Symboler markéiert. Rätselhaft Beschreiwungen hëllefen hinnen erauszefannen, wou genee si siche mussen, fir dem Ouschterhues seng Rätsel an Aufgaben ze léisen. Dobäi entdecken d’Kanner op spilleresch Aart a Weis de Wëlle Westen.
D’Schatzsich ass kannerfrëndlech opgebaut a kann zu all Moment an der Ouschtervakanz (28.03. – 12.04.) gemaach ginn. Wann all d’Aufgabe geléist sinn, léisst sech d’Schatztru opmaachen an op d’Kanner waart eng lecker Iwwerraschung.
Eng Umeldung ass obligatoresch bis den 26.03 iwwert tourisme@kanton-reiden.lu
Den 27.03 kréien d’Participanten all néideg Dokumenter fir un der Schatzsich deelzehuelen.
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026