Wandpark Kanton Réiden
Spektakulären Transport vu Wandrad-Flilleken
27/03/2026
De 5. Mee vu 16:00 bis 18:00 Auer am Centre Camille Ney zu Ell
Et gëtt een net als Grousseltere gebuer – Grousseltereschaft haut: biologesch a sozial Bezéiungen
D’Roll vun de Grousselteren huet sech an de leschte Joerzéngte staark verännert. An enger Gesellschaft, déi duerch nei Familljekonstellatiounen, kulturell Diversitéit an eng verlängert Liewensdauer gepräägt ass, kritt d’Grousseltereschaft nei Bedeitungen.
Nieft de biologesche Grousselteren entstinn ëmmer méi Häerzensgrousselteren (Grand-parents de cœur): Bezéiungspersounen, déi Kanner iwwer Zäit begleeden, ënnerstëtzen a mat Opmierksamkeet, Präsenz a Zouverlässegkeet do sinn. Dës intergenerationell Bezéiunge baséieren net op Famill, mee op sozialer a mënschlecher Verbonnenheet.
Am Kader vun dëser Aktivitéit gëtt e Bléck op d’Grousseltereschaft hautdesdaags geworf: op d’Vilfalt vun de Rollen, d’Erwaardungen u Grousselteren an hir eegen Erwaardungen, souwéi op d’Bedeitung vun der Bezéiung tëscht Grousselteren an Enkelkanner – fir béid Säiten.
Besonnesch thematiséiert ginn dobäi intergenerationell an interkulturell Bezéiungen als wichtege Pilier vum Vivre Ensemble. Si droen zu Zesummenhalt, Solidaritéit a géigesäitegem Verstoe bäi a weisen, datt Bezéiung net nëmmen duerch biologesch Bande, mee duerch Engagement, Respekt a Vertrauen entsteet.
Wandpark Kanton Réiden
27/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
25/03/2026
Repair Café Kanton Réiden
24/03/2026
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/02/2026
Kultur-Agenda
30/03/2026
Wako
27/03/2026
Gemeng Réiden
27/03/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
25/03/2026
Atert Lycée Réiden
25/03/2026