Kanton Réiden Vivre Ensemble
Zesumme liewen, Kulturen deelen: Wat verbënnt eis?
27/10/2026
E Samschde 14. Mäerz huet de Syndicat Intercommunal Kanton Réiden zu Osper säin 2. Repair Café vum Joer organiséiert. D’Asbl Gudd Noperen huet kräfteg mat ugepaakt, an nieft enger top Stëmmung fir de Verkaf vu Gedrénks a vill verschiddene Kuche gesuergt.
Déi éierenamtlech Repairer waren dauernd am Asaz an hunn hier Bescht gi fir futtis Fönen, Fonduesdëppen, ferngesteiert E-Autoen, Kassetteplayer, Computer, Lautsprecher, Boxen, Strëmp, Vëloen a stomp Messeren ze flécken.
Mir soen der Ekipp vun der Réidener Gemeng Merci fir déi exzellent Virbereedung vum Osper Sall, der Asbl Gudd Nopere fir hiren immensen Asaz a flott Zesummenaarbecht an natierlech alle Repairer fir hier Zäit an Energie an och sämtleche Visiteure fir hiert Vertrauen!
Den nächste Repair Café fënnt Samschdes, de 13. Juni zu Viichten am Festsall statt. Ugebueden Atelieren: Elektrogeräter, Mechanik, Vëlo, Bitzen, Computer, Schläife vu Messeren.
Kommt laanscht – et ass gratis!
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
Repair Café Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
21/10/2026
Kanton Réiden Administration
14/10/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026
Chrëschtmäert-Agenda
28/10/2026
E Stopp fir de Mupp
28/10/2026
Kultur-Agenda
27/10/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/10/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/10/2026
HPPA Redange
27/10/2026