Gemeng Biekerech
Workshop “D‘Stëmm vum Bierger: Biekerech vu muer zesummen entwéckelen”
27/11/2025
Den 31. Januar ass de Pollo fir seng 50 Joer politescht Engagement geéiert ginn. Hien ass domat den amtéierende Politiker aus dem Kanton Réiden mat der längster politescher Carrière.
Schonn a menger Studentenzäit hunn ech mech fir d‘Politik interesséiert, besonnesch fir d’Lokalpolitik. Ech wollt mat upaken, de Leit bei hiren Doleancen hëllefen, matgestalten, Entscheedungen treffen a konkret Resultater virweise kënnen. Der Allgemengheet ze dingen ass fir mech eng nobel Aufgab!
Den 12. Oktober 1975 gouf ech an der deemoleger Sektioun Iewerleng an de Gemengerot gewielt a war direkt 1. Schäffen – e Mandat, dat ech 18 Joer laang ausgeüübt hunn. Duerno war ech sechs Joer Conseiller, an zënter dem 1. Januar 2000 Buergermeeschter vun der Gemeng Useldeng, also elo ewell 26 Joer!
Ech si genau sou laang 1. Vizepresident vum Waassersyndikat DEA, si Member vum Bureau SEBES a vum Réidener Kanton a weiderhin aktiv a ville Veräiner.
D’Gemengepolitik erfuerdert Ausdauer, Fachwëssen, Feingefill a vill Mënschekenntnisser. Den Job ass ni langweileg a fuerdert een ëmmer erëm nei eraus. Genee dat huet mech all déi Jore motivéiert. 2023 nach eng Kéier als Éischte gewielt ze ginn, war fir mech eng immens Satisfaktioun.
Alles ass vill méi komplex ginn, virun allem d’Prozeduren. D’Mentalitéit vun de Leit huet sech och duerch de gesellschaftliche Wandel staark verännert. Et ass wichteg, permanent bereet ze sinn, sech un nei Gegebenheeten unzepassen.
Inklusiv Syndikater kommen ech op dräi voll Aarbechtsdeeg pro Woch. Modern Technologien erlaben, dass een Deel vun der Aarbicht doheem kann absolvéiert ginn, mee d’Zuel vun de Reuniounen ass däitlech geklomm.
Besonnesch wichteg ware fir mech de Bau vun eiser Zentralschoul mat Maison relais a Sportshal, d’Renovatioun vun der Buerg mam Kulturwee an, um Kantonsniveau, d’Entwécklung vum Tourismus mat der TouristInfo an dem klengen Hotel „Péitche Lauer“ mat senge Mushrooms zu Useldeng.
Schwiereg Momenter kommen ëmmer nees onerwaart, a musse gemeeschtert ginn - dofir gëtt een och gewielt. Frustréierend ass, wann agereechten Dossiere bei den Administratiounen éiweg laang schleefen. Demotivéiert huet mech dat allerdings ni; ech hunn einfach geléiert domat ëmzegoen.
Sech net liichtfankeg an d’Politik ze mellen, sech der grousser Verantwortung bewosst ze sinn an net ze séier opzeginn. Och d’Ënnerstëtzung vun der Famill ass wichteg, soss geet et nit!
Ech hoffen, datt d’Gesondheet matspillt an ech dëst Mandat als Buergermeeschter bis bei déi nächst Walen ausféiere kann. Duerno kann et Schluss sinn.
Gemeng Biekerech
27/11/2025
Gemeng Biekerech
24/11/2025
Commune d'Useldange
31/10/2025
Chrëschtmäert-Agenda
28/10/2025
Alldagsheldin
27/10/2025
Gemeng Réiden
24/10/2025
Leader Wëlle Westen
03/02/2026
Kultur-Agenda
28/01/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026
Op der Schock
26/01/2026